
Am Lokale mellt de CGDIS en Zëmmerbrand e Mëttwoch den Owend géint 17:30 Auer zu Keel. D'Ekippe vun Diddeleng, Keel, Rëmeleng an Esch waren am Asaz. Et ass beim Materialschued bliwwen.
Genee wéi och zu Bungeref, wou kuerz virun 21 Auer Botte gebrannt hunn. Hei waren d'Pompjeeë vu Rammerech, Bauschelt, Réiden, Wolz an aus der Stauséigemeng am Asaz
Ee Blesséierte gouf et dem Bulletin vum CGDIS no awer kuerz no 1 Auer an der Nuecht zu Esch um Boulevard Aloyse Meyer. Hei hat Offall gebrannt, dee vun de lokale Pompjeeë geläscht gouf. Méi fréi am Dag waren d'Escher Rettungsdéngschter schonn eng Kéier am Asaz, dat nodeem en Auto zu Déifferdeng en eCall erausginn hat. Blesséiert gouf op där Plaz awer keen.
D'Stater Ekippe waren dann géint 2:30 Auer zu Gaasperech am Asaz, well hie en Auto gebrannt huet. Hei mellt de CGDIS och kee Blesséierten.