Zanter der Ouverture vun enger éisträichescher Bäckerei zu New York am September mécht e Brout op de soziale Medien den Tour. Zu Manhattan stinn d'Leit Schlaang, fir dat sougenannt Karbrout ze schmaachen. Et handelt sech ëm e Sauerdeegbrout aus 100 Prozent Karmiel, dat als Luxusproduit presentéiert gëtt. De Präis: 60 Dollar fir ee Läif.
Dobäi ass d'Karbrout keng nei Erfindung. Besonnesch an Norddäitschland an a Skandinavien huet dës Zort Brout eng laang Traditioun. An den éisträichesche Bäckereie vum Martin Auer kascht dat selwecht Brout iwwregens just 14 Euro.
Och zu Lëtzebuerg ass den Hype ukomm. De Lëtzebuerger Bäcker a Pâtissier Jean-Marie Hoffmann, deen 18 Bäckereien am Land huet, huet d'Brout virun zwou Wochen nees a säi Sortiment opgeholl. Dobäi hat hien et scho virun dräi Joer probéiert, deemools allerdéngs ouni Erfolleg. "Dat war richteg e Flop", erënnert sech de Jean-Marie Hoffmann.
Wéi hien elo vum Erfolleg vum éisträichesche Bäcker an Amerika héieren huet, huet hien decidéiert, dem Brout eng zweet Chance ze ginn. Mat Erfolleg: Wann d'Venten esou weiderginn, kéint hie bannent ronn dräi Wochen esou vill Karbrout verkafen ewéi deemools an engem ganze Joer. De Bäcker vergläicht de Phänomen mam Hype ronderëm den Dubai-Schockela virun zwee Joer. Och deemools hätt e Produit duerch déi sozial Medien op eemol eng enorm Nofro erlieft.
Zu Lëtzebuerg kascht e Läif Karbrout beim Jean-Marie Hoffmann 12 Euro. Dat ass zwar däitlech manner wéi zu New York, bleift awer en houfrege Präis fir e Brout. De Bäcker erkläert dat virun allem mat der opwänneger Hierstellung. Den Deeg aus 100 Prozent Karmiel a Sauerdeeg brauch Zäit a muss zu engem groussen Deel mat der Hand verschafft ginn:
"Esou Brout muss mat der Hand opgemaach ginn. Do ass d'Fachkenntnis wierklech wichteg", erkläert de Jean-Marie Hoffmann. D'Maschinnen, déi bei anere Broutzorte kënnen agesat ginn, géifen hei net op déi selwecht Manéier funktionéieren.
"Dass d'Leit Schlaang stinn, fir e Stéck Brout z'iessen, huet mer Freed gemaach"
Och wann de Jean-Marie Hoffmann de Präis vu 60 Dollar fir e Brout héich fënnt, gesäit hien am New Yorker Hype eppes Positives.
Besonnesch géif et hie freeën, datt d'Leit nach ëmmer bereet sinn, fir handwierklech hiergestallte Produiten Zäit a Suen ze investéieren. Datt zu New York Mënsche Schlaang stinn, just fir e Stéck Brout ze schmaachen, wier fir hien als Bäcker e schéint Zeechen.
Och zu Lëtzebuerg géifen d'Clienten ëmmer méi Wäert op Qualitéit leeën. Dem Jean-Marie Hoffmann no wiere vill Leit bereet, een oder zwee Euro méi fir e Brout aus enger handwierklecher Bäckerei auszeginn. Schliisslech wier Brout aus der Industrie oder vun der Tankstell mëttlerweil och net méi esou bëlleg.