
Hannergrond ass esou e rezente Fall, bei deem eng Fra zu Frankfurt aus engem Designer-Stull gefall war a sech dobäi blesséiert huet. Am Urteel heescht et, datt e Gaascht säi Verhalen upasse muss, wann e sech op esou ee Stull sëtzt.
D'Fra hat géint d'Bedreiwerin vun engem Restaurant zu Frankfurt am Main geklot. Si souz op engem Stull, deen d'Form vun enger Hand hat. D'Sëtzfläch louch am Handteller, d'Fangeren hunn de Réck vum Stull gebilt. Amplaz op Been, stoung de Stull op enger Sail, déi un en Aarm erënnert huet. D'Fra war no nëmmen e puer Minutte vum Stull gefall an hat sech dobäi e Fanger gebrach.
Viru Geriicht huet si 7.000 Euro un Dedommagementer verlaangt, ma d'Frankfurter Landesgeriicht huet d'Klo an éischter Instanz ofgewisen. D'Oberlandesgeriicht huet dës Decisioun elo bestätegt. D'Proprietärin vum Restaurant hätt keng Sécherheetsflichte verletzt, esou d'Riichter.
E Restaurantbedreiwer ass dem Urteel no zwar dozou verflicht, senge Gäscht en Openthalt ouni Geforen z'erméiglechen, dat géing awer net esou wäit goen, datt en all denkbar Gefor aus dem Wee raume misst. Och de Gaascht misst zu engem gewëssenen Deel op sech selwer oppassen.
Och si Restaurantbedreiwer net dozou verflicht, Still ausschliisslech un enger sougenannter DIN-Norm ze orientéieren. Niewent der Funktionalitéit géingen an der Gastronomie nämlech och Optik an Design eng wichteg Roll spillen. Dowéinst wieren och aner Still zoulässeg, wéi déi klassesch mat véier Been. Firwat d'Fra iwwerhaapt vum Stall gefall war, ass onkloer.