Am Wäert vu 54.000 DollarMann klaut 350 Këschte voll mat "Hot Wheels" Autoen

Tom Nols
A Kalifornien ass der Police e "kanneregen" Déif an d'Netz gaangen.
350 Këschte voll mat "Hot Wheels" Autoen huet e Mann a Kalifornien aus engem Zuchwaggon geklaut.
350 Këschte voll mat "Hot Wheels" Autoen huet e Mann a Kalifornien aus engem Zuchwaggon geklaut.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

Zu Colton a Kalifornien war der Police des Woch e Mann gemellt ginn, deen aus engem Zuchwaggon Këschte geklaut an op säi Pick-up gelueden hat.

Den Déif konnt observéiert, verfollegt an duerno och gestoppt a festgeholl ginn. D'Polizisten haten duerno net schlecht gestaunt. De Mann hat 350 Këschten opgelueden, déi voll mat neien "Hot Weels" Autoe waren. De Wäert soll bei ronn 54.000 Dollar leien.

Kuckt am Video, wéi d'Police den Täter observéiert an no der Dot festhëlt:

Back to Top
CIM LOGO