
Et ass ee vun den éischte Chrëschtbeemercher vun der neier Saison. Zu Stroossbuerg op der Place Kléber ass dës Woch de Bam opgeriicht ginn – 60 Deeg viru Chrëschtdag. D'Feierdeeg sti virun der Dier, och wann déi franséisch Aktualitéit de Moment vun engem ugespaante soziale Klima gepräägt ass.
Däers ass ee sech och an der Stroossbuerger Märei bewosst. Et geet een dem Buergermeeschter sengem Stellvertrieder Mathien Cahn no awer dovun aus, dass de Bam e Symbol fir Freed a Gléck ass. Hie geséich kee wierkleche Grond, firwat dëse sollt ugegraff ginn. Beschützt an iwwerwaacht wäert en trotzdeem ginn, sou wéi all ëffentlech Gebaier an Anlagen, sou de Cahn weider.
De bekannte Chrëschtmaart, op deem d'lescht Joer méi wéi 3 Millioune Visiteure gezielt gi waren, soll weider e Symbol fir e friddlecht Fest bleiwen. De Bam ass ronn 90 Joer al, zirka 30 Meter héich a weit knapp 9,5 Tonnen. Wat nach feelt, ass d'Dekoratioun. Déi wäert bis de 27. November, wann de Chrëschtmaart wäert opgoen, nach nokommen.