Fir déi eng ginn e puer Kürbisse virun der Hausdier duer – fir d‘Patricia Toussaint vun Esch ass et domadder awer nach laang net gedinn. An hirem Virgäertche kënnt een aus dem Staunen, oder an dësem Fall, aus dem Fäerten, net méi raus. All Joer iwwerrascht si d‘Noperschaft op en Neits.
Mëtt September geet et dofir meeschtens scho lass mam Rëschten. Iwwert d‘Joren huet sech dës Passioun entwéckelt. An e bësse läit et hir am Blutt. Schliisslech huet si Famill an Amerika an dacks kënnt si mat méi enger schwéierer Wallis heem. Bis zu 20 Skeletter huet si ugesammelt. An och de ganze Rescht heescht et ze verstauen.
Ugefaangen huet awer alles mat der Deko fir Chrëschtdag. Mee dat ass dem Petz, wéi Frënn a Famill si nennen, net méi duergaangen. Elo gëtt et zu Esch-Lalleng e richtege Grujelcabinet. An wien nach net do war, huet nach Zäit bis Halloween. An do kritt een da souguer Schockela. Well 27 Kilo waarden drop, verdeelt ze ginn.