Viru kuerzem huet den US-President d'Kënschtlech Intelligenz jo als "Super Intelligenz" bezeechent. Him no ass dëst vill méi akkurat, wéi "Kënschtlech Intelligenz", wat soss jiddereen op der Welt benotzt.
Hien huet esouguer en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem hien elo "ganz offiziell" aus der Kënschtlecher Intelligenz d'Super Intelligenz gemaach huet.
Dat awer net jiddereen d'Wuert "Super Intelligence" benotzt, stéisst dem US-President aktuell héich. En Dënschdeg hat hie sech op senger Plattform Truth Social iwwert de "Wall Street Journal" opgereegt, déi dem Trump seng ëmbenannte super Intelligenz nach ëmmer als "Kënschtlech Intelligenz" bezeechnen.
Den Donald Trump war esou rosen doriwwer, datt hien annoncéiert huet, datt hien d'Bezeechnungen "AI" respektiv "Artificial Intelligence" offiziell an alle relevanten Dokumenter wëll verbidden. Dee Begrëff ass dem US-President no nämlech net akkurat genuch.