Esou gëtt de Stroum mat véier Cent d'Kilowattstonn subventionéiert, de Masutt an den Gas mat 15 Cent op de Liter, respektiv de m3. Den Tankrabatt um Bensinn an um Diesel vu fënnef Cent de Liter lafen op ee Coup am Mäerz d'nächst Joer aus.
De Premier Luc Frieden sot, dat wier gutt fir d'Kafkraaft vun de Leit an d'Kompetitivitéit vun de Betriber.
D'Nora Back sot, den Index wier ofgeséchert. An et wier e grousse Schrëtt, datt d'Mesurë fir 12 Méint verlängert gi wären. Et wier gutt, datt een net d'lescht Woch an der Hetz decidéiert hätt, mee en Donneschdeg op Basis vun neien Zuele vum Statec Mesurë geholl hätt, déi Sënn maachen.
Et wier och wichteg, datt een aus dem Tankrabatt géing erausklammen. Mat enger weiderer Verlängerung hätt een d'Trajectoirë vun de Klimaziler net méi gepackt. An den Impakt am Portmonni wier marginal.
Den LCGB hätt léiwer gehat, all d'Mesurë wiere verlängert ginn. Datt den Tankrabatt just ëm zwee Méint géing verlängert ginn, wier au détriment vun de Leit, déi mussen tanke goen, esou de Patrick Dury.
De Romain Wolff vun der CGFP sot, et wier wichteg, datt d'Decisiounen elo geholl gi wären.
De President vun der UEL, Marc Lauer, huet all Bedeelegte Merci gesot, datt se et méiglech gemaach hunn, en Accord ze fannen. D'Previsibilitéit wier net just fir d'Stéit wichteg, mee och fir d'Entreprisen. Den Accord vun en Donneschdeg géif, wann alles riicht géing lafen, et erlaben, datt net méi ewéi zwou Indextranchen a 24 Méint bezuelt ginn.