An der CampingstroossD'Police mécht een Zeienopruff no engem Déifstall zu Wolz

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend kuerz no 18:30 Auer hätt ee bis ewell onbekannten Täter engem Mann den Handy a seng Kopfhörer geklaut.
© Laurent Weber

Geschitt ass et an der Campingstrooss op der Héicht vun der Kräizung mat der Rue du Dix Septembre. De presuméierten Täter wier dono an d'Richtung vun engem Geschäft an der Strooss Beim Hundsburn geflücht.

Éischten Informatiounen no hätt et just virdrun eng Ausernanersetzung tëschent dem Affer an Täter ginn, an déi och en Zeien implizéiert gewiescht wier. Den Zeien an och aner Persounen, déi eppes gesinn hunn, si gebiede sech beim Policekommissariat Ardennes ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO