
D'RTL-Redaktioun huet d'Informatioun kritt, dass zu Lëlz op der Plage nieft dem Stauséi e Réi géing leien, dat warscheinlech vun engem aneren Déier dout gebass ginn ass. Ënnert den Awunner gëtt spekuléiert, dass et e Wollef kéint gewiescht sinn.
Op Nofro hi krute mir en Donneschdeg vun der Administration de la nature et des forêts dës Äntwert:
"Mir confirméieren, datt der Naturverwaltung an der Mëttesstonn vum 29. Oktober en doudegt Réi zu Lëlz gemellt gouf.
Enger éischter Aschätzung vun eisen Experten no kann eng méiglech Bedeelegung vun engem Wollef zum aktuellen Zäitpunkt weder confirméiert nach ausgeschloss ginn.
Et kann natierlech vill Ursaache ginn, firwat dat Réi zu Doud koum. Bëss a Fraßspueren, wéi een se zum Deel och op där Foto gesäit, entstinn oft doduerch datt nodréiglech aner Déieren un e Kadaver ginn."