
D'Studentenassociatioun ACEL hat fir eng méi zentral Plaz plädéiert a war sech mam Héichschoulministère eens ginn, fir nees op de Kierchbierg ze kommen.
No de Foireshalen an dem Belval ass ee bei der ACEL ganz zefridde mat der Coque, esou d'Vizepresidentin vun der Studentenassociatioun Jo-Anne Maathuis. Déi géing net just geographesch gutt leien.
"Mir si gëschter opriichte komm, mir waren direkt frou, wéi schéin dat hei am Fong alles ass, dass een alles an engem Tour mécht, et kënnt een hei eran, et mécht een eng Kéier den ovalen Tour, et huet een all Stand gesinn, et muss een elo net d'Gebaier wiesselen, et muss een net iergendwéi e Plang kucken."
D'ACEL begréisst och, dass d'Konzept méi breet opgemaach gouf an och iwwer Beruffer, Volontariater a Stagen informéiert gëtt. An de Foireshalen wier d'Offer och scho méi breet gewiescht, erkläert de Coordinateur vun der Studentefoire Tom Wenandy, an der Covidkris hätt ee sech dunn awer um Belval op d'Studéiere konzentréiert. D'Nofro fir aner Informatioune wier awer do.
"D'Gap-Joer an d'Benevolat, dat ass sécher eppes, wat zougeholl huet, wou och vill méi Méiglechkeete gebuede ginn, och wat d'Finanzéierung ubelaangt an esou weider. D'Offer ass och einfach méi grouss ginn. Wat sech awer net geännert huet, dat ass esou déi generell Approche vun de Studenten, vun deem wat se sichen."
A wéi kënnt d'Studentefoire an der Coque bei de Jonken un? Mir hu bei e puer Schüler nogefrot, déi sech fir Studie vu Psycho, Geschicht a Sportmanagement iwwer Eko bis Theater an Danz interesséiert hunn.
"Et war gutt, eng Kéier bei déi Uni kucken ze goen a Froen ze stellen, och wa se net dee selwechte Studiegang gewielt hunn."
"Also ech si mat näischt heihinner komm, elo weess ech e bësse méi awer."
"Ech krut zimmlech vill Froe beäntwert, wéi zum Beispill, ob ee muss en Opnamexame maachen oder sou Saachen."
"Obviously you can go to any sort of internet site and see what you can study anywhere, but here you can actually talk to people, talk to alumni, talk to individuals from the university and that was really nice."
"Ech mengen Theater, Musical, Danzen ass e bësse schwéier, ech mengen net, dass esou vill Leit dat wëllen onbedéngt oder als realistesch gesinn, dofir ass dat oft e bësse schwéier, doriwwer Informatiounen ze fannen, zumools op esou Plazen."
"Et krut een e puer Informatiounen, déi schonn zimmlech hëllefräich waren, mee et war och net esou vill oder esou detailléiert."
Och um Freideg kënne Schüler sech op der Studentefoire an der Coque hei um Kierchbierg op 180 Stänn iwwert Méiglechkeete fir hir Zukunft informéieren.