
D'Gare vu Waasserbëlleg a Mäertert solle moderniséiert a virop esou ëmgebaut ginn, datt se fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit méi accessibel ginn. Dat ass scho länger geplangt, ma d'Aarbechten dierften awer ee gudde Krack méi spéit fäerdeg ginn, wéi initial geplangt.
Am Februar 2024 hat d'Transport- a Bauteministesch Yuriko Backes nach annoncéiert, datt de Chantier un der Gare vu Waasserbëlleg Ufank 2029 lassgoe géing an Enn 2032 fäerdeg sollt sinn. Elo heescht et awer an der Äntwert op eng Question parlementaire vum LSAP-Deputéierte Ben Streff, datt d'Aarbechte réischt 2030 ufänken wäerten an 2036 ofgeschloss ginn. Den Ëmbau an d'Verleeë vum Arrêt zu Mäertert géing réischt dono ufänken, ee konkreten Zäitplang gëtt awer net genannt. De Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg Jérôme Laurent huet dat de Moien am Gemengerot kritiséiert.
"De Schäfferot bedauert dës weider Verzögerung a kann dësen Zäitplang net als zefriddestellend akzeptéieren. Et geet ëm Infrastrukturen, op déi eis Bierger an déi ganz Regioun zanter Jore waarden. D'Gare Waasserbëlleg ass ee wichtege Verkéiersknuet fir eis Gemeng, fir Gréiwemaacher, Rouspert-Mompech an déi ganz Grenzregioun. D'Moderniséierung vun der Gare an de Bau vum geplangte Parkhaus si wesentlech, fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen an déi ugespaante Parksituatioun ze verbesseren."

Nieft der LSAP, déi zu Mäertert-Waasserbëlleg eng absolutt Majoritéit huet, waren och d'CSV an d'DP d'Accord, fir eng gemeinsam Motioun auszeschaffen, an där d'Regierung opgefuerdert gëtt, d'Projete vun de Garen zu Waasserbëlleg a Mäertert prioritär ze behandelen an an engem räsonabelen Zäitraum ëmzesetzen.
Fir Onverständnis huet och gesuergt, datt aus der Äntwert op d'Question parlementaire ervirgeet, datt vun 2016 bis haut scho bal 20 Milliounen Euro an de Projet vun der Gare Waasserbëlleg gefloss sinn, dovu knapp 9 Milliounen Euro fir Etüden. Do war et d'Ausso, datt mat deene Suen, bis op d'Ofrappen an den Neibau vun engem Schapp, an deem d'CFL Material lageren, nach näischt gemaach gi wier, dat een och gesi géing.
