
2009 hat de Claude Hoffmann en AVC. Hie war just a sengem drëtte Studiejoer an der Ekonomie zu Duisburg. Hien hat Kappwéi, an him war schwaarz virun Aen. No der Diagnos am Spidol gouf hie fir e puer Deeg an e kënschtleche Koma geluecht a gouf beotemt. Am Oktober dat Joer koum hie mat der Air Rescue op Lëtzebuerg.
D'Suitte 17 Joer dono si Probleemer mat der Motorik, mat der Mobilitéit, mat enger klorer Aussprooch. Direkt nom Schlag war d'Saach nach eng aner: Hien hat kee Gefill am rietse Been, konnt net schlécken, an hat dowéinst eng Sonde bis 2023.
"Am Ufank ass een natierlech rosen iwwert dat wat geschitt ass. Mee bei mir war et esou, dass ech nom Schlag realiséiert hunn, et huet kee Wäert rosen ze sinn. Et ännert sech näischt drun", esou de Claude iwwert seng Situatioun.
2012 huet hie Formatiounen um Kräizbierg gemaach an huet dono am Tricentenaire an der Dréckerei e Stage gemaach, wou hien dono agestallt gouf, an aktuell och nach ëmmer schafft.

Säi gréisste Wonsch war, erëm iessen ze kënnen. D'Dokteren hätten him awer dovun ofgeroden: "Datt ech et sollt si loossen, an näischt maachen: Mee ech kann Iech soen, wann ech wierklech op d'Dokteren all gelauschtert hätt, da géing ech elo nach am Bett leien. Warscheinlech esouguer nach beotemt ginn." Hien hat da selwer decidéiert, zu all fräiem Moment Übungen ze maachen, fir d'Zong an de Mond ze trainéieren: am Bett, an der Dusch, am Auto. D'Resultat ass, dass hien elo erëm iesse kann.
Et hätt hie vill Kraaft kascht, déi schlecht Prognosen net z'akzeptéieren an z'iwwerwannen, mee hie seet, et géing sech ëmmer lounen, ze kämpfen, well de Wëlle kéint méi beaflossen, ewéi d'Medezin et fir méiglech hält. Groussen Afloss huet och säin Ëmfeld, seet de Claude: "Ech hat grouss Chance, dass déi Leit ronderëm mech, dass déi ganz positiv waren. Dass déi mer wierklech Mutt gemaach hunn."