A kuerzer Zäit huet den nei gegrënnte Veräin Escher Fuesent de Fuesweekend zu Esch op d’Bee gestallt, mam Cortège souzesoen als Héichpunkt. Ma net just d’Stréckeféierung vun der Brillplaz bis bei d’Gemeng, war hei nei. Mee och, dass et méi Séissegkeete gouf. “Et ass ni genuch geheit ginn”, huet de President vun Escher Fuesent, den Dan Codello festgestallt. Dofir gouf eng Tonn Kamelle kaaft, déi d’Veräiner am Public konnte verdeelen.
E Motto fir d’Gestaltung vun de Ween gouf et dëst Joer net. D’Participanten hate fräi Hand. D’Sightseeing Ducks haten sech zum Beispill eppes Neies afale geloosse. “Mir hunn extra bio Konfetti, mir schaffen dëst Joer mat Räis”, huet e Mann an engem Intekostüm betount. Un der Choreographie, wat den Inten-Danz war, hätt een da laang geüübt. Verschidde Fuesboke loossen sech awer all Joer eppes komplett Neies fir hier Verkleedung oder hire Won afalen. “Mir wiesselen all Joers. Dëst ass eise Motto Japan”, huet e Mann mat Hutt a Sonnebrëll ënnerstrach.
Su munche Veräin ass awer Dauergaascht op de Kavalkade queesch duecht d’Land. Dat grousst Pirateschëff aus Schëffleng, kënnt trozdeem ëmmer nach gutt beim Public un. “Ech si scho Joren dobäi, an et mécht nach ëmmer Spaass”, sot eng Piratin, ier se e Petzi an d’Leit geheit huet. Am Schied vum grousse Schëff, koumen dann och déi kleng Schwämm getrëppelt.D’Motto wier Spongebob dëst Joer, an d’Zil Spaass a Freed ze hunn, sot eng Fra, déi di kleng Spongeboben encadréiert huet.
Wien dann elo d’Evenement zu Escher verpasst huet. Et ass nach net eriwwer mat de Kavalkaden am Land. D’Nuetskavalkaden zu Waasserbëlleg (de 14. Mäerz) an déi zu Käerch (de 7. Mäerz ) stinn nach virun der Dier. D’Kannerkavalkad zu Keel ass den 8. Mäerz an d’Kavalkad vu Péiteng a vu Réimech sinn de 15. Mäerz.