HouwaldMann, géint dee Mandat d'arrêt virlouch, hat sech a Gaardenhaischen installéiert

RTL Lëtzebuerg
Um Houwald koum et e Mëttwoch den Owend zu enger Festnam an der Rue Henri Entringer.
© Laurent Weber

D'Police krut géint 20:30 Auer vun engem Resident gemellt, datt an engem Gaardenhaischen eng Luucht ugaange wier. De Resident hat d'Police doropshi gebieden, eng Kontroll am Haischen ze maachen. D'Beamten hunn hei e Mann entdeckt, deen aus engem ugrenzende Bësch koum. Hien hat sech éischten Erkenntnisser no onerlaabt am Haischen néiergelooss. Spéider huet sech erausgestallt, datt géint de presuméierte Squatter e Mandat d'arrêt virlouch. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO