GréiwemaacherGemengerot stellt sech unanime géint den Ausbau vun Tanklager

Carine Lemmer
Esou en Ausbau kéint dem Sécherheetsgefill an der Liewensqualitéit vun de Leit an der Géigend schiedegen.
© Chris Meisch

D'Gemeng Gréiwemaacher wiert sech weider géint de geplangten Ausbau vun den Tanklager.

De Freideg de Moie war Gemengerot an dee stellt sech eestëmmeg géint den Ausbau. Dat ass jo alles op Maacher Territoire.

D'Gemeng wär viru knapp 2 Wochen “äiskal" erwëscht ginn, wéi se Post krut, datt Tanklux d'Autorisatioun krut fir auszebauen, esou d'CSV-Buergermeeschtesch Monique Hermes.

7 nei grouss Reservoiren si geplangt. D'Capacitéit, wou Pëtrol ka stockéiert ginn, soll sech méi wéi verduebelen a vu knapp 61.000 Meterkibb op 151.000 an d'Luucht goen. Dobäi géif dovunner riets sinn, dass déi bestoend Lagerkapazitéiten u sech fir Lëtzebuerg duerginn.

D'Gemeng stellt allgemeng d'Noutwendegkeet vun enger Erweiderung a Fro. Ausserdeem ginn et dobäi Sécherheetsbedenke souwéi wirtschaftlech an technesch Froen déi nach opstinn.

D'Gesondheet vun de Bierger wier a Gefor an d'Liewensqualitéit vun den Awunner kéint zréck goen.

Déi nei Tanke kéime quasi bis bei déi Maacher Kläranlag an de Wunnquartier op Flohr géif no bäi leien, grad wéi touristesch Attraktioune wéi de Päiperleksgaart, d'Schwämm oder de Camping.

D'CSV-Buergermeeschtesch Monique Hermes huet confirméiert, datt d'Gemeng e Recours gracieux géint déi Decisioun mécht, d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg schléisst sech un.  
Wann dee Recours refuséiert gëtt, wier ee prett weider Schrëtt Richtung Verwaltungsgeriicht z'ënnerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO