
Zum Accident koum et op der A6 a Richtung Belsch tëschent dem Briddel a Mamer tëschent 19:15 Auer an 19:25 Auer. Insgesamt siwe Gefierer waren an dëse verwéckelt.
Well déi genee Ursaach vum Accident nach ermëttelt gëtt, sicht d'Police elo no eventuellen Zeien, déi hëllefräich Informatiounen hunn. Heifir kann ee sech bei der Verkéierspolice mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 175 200.