
En Donneschdeg den Owend um 17:45 Auer ass zu Esch-Uelzecht an der Rue de la Fontaine e Kand vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Pompjeeën, Ambulanz a Samu vun Esch waren op der Plaz.
Kuerz virdrun, géint 17:30 Auer, stoung zu Bäreldeng an der Rue du Bridel en Auto a Feier, ma géint 20:30 Auer war et dann e Camion op der A3 Richtung Lëtzebuerg tëscht der Air de Bierchem an dem Gaasperecher Kräiz dee gebrannt huet. Ëm den Auto hu sech d'Pompjeeë vu Steesel gekëmmert, fir de Camion waren dann d'Rettungsekippe vu Beetebuerg, Réiser an Diddeleng zoustänneg.
An der Nuecht géint 02:45 Auer ass am Tunnel Maarksbierg op der A13 Richtung Schengen en Auto géint eng Mauer gerannt. Et ass dobäi kee blesséiert ginn. Secouriste vu Munneref a Réimech hu gehollef.