
D'Presidentin vun der europäescher Zentralbank Christine Lagarde wäert de 7. Februar 2027 vun hirem Posten zrécktrieden. Hiert Mandat wier eigentlech bis Enn Oktober d'nächst Joer gaangen. Virdru war si Cheffin vum Internationale Wärungsfong zu Washington gewiescht.
D'Lagarde, déi de Conseil vun der EZB an den EU-Rotspresident Antonio Costa iwwert hir Decisioun informéiert huet, trëtt domat, no laange Spekulatiounen, fréizäiteg zréck. Grënn si keng genannt ginn, och zu hirer perséinlecher Zukunft ass näischt gesot ginn. Politesche Calcul kéint dohanner stiechen. Virun de franséische Presidentiellen d'nächst Joer soll iwwer d'Suite decidéiert ginn, sou dass sech bei enger méiglecher Victoire vun de Rietspopulisten d'Besetzung vum wichtege Posten net an d'Längt zéie wäert. Der Lagarde hiren Nofollger wäert vum Conseil européen bestëmmt ginn.
Am fréie Mëtteg decidéiert d'Europäesch Zentralbank dann och nach iwwert de Leetzëns. Et ass net dervun auszegoen, datt sech um Taux vun 2,5% eppes wäert änneren, trotz enger Inflatioun, déi zimmlech héich ass.