EnergietransitiounObstakele beim Ausbau vu Wäermepompele bleiwe grouss

Maxime Gillen
Mir hunn Iech no Ären Erfarungen dozou gefrot an och mat engem Expert iwwert d‘Energietransitioun bei Privatleit geschwat.
Eng Wäermepompel bei engem Neibau.
Eng Wäermepompel bei engem Neibau.
© FRANK HOERMANN / SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Wien haut mat enger Wäermepompel hëtzt, kënnt an der Reegel méi bëlleg ewech, wéi mat enger Gas- oder enger Masuttsheizung. Allerdéngs ass de Wiessel fort vun de fossillen Energien nach ëmmer deier an dacks komplizéiert.

Wäermepompelen - Reportage Maxime Gillen

Déi gutt Nouvelle ass, datt et bal iwwerall Sënn mécht, op eng Wäermepompel ze wiesselen. Dat fënnt op d‘mannst de President vun der Federatioun vun den Energieberoder Pol Felten. Hie schätzt, datt bis zu 90 Prozent vun den Haiser kéinte mat enger Wäermepompel equipéiert ginn an dass dës dann och "méi spuersam a rentabel leeft wéi eng Gas - oder Mazoutsheizung".

Ma de Wee dohin ass net ëmmer einfach. Grad wat d‘Reglementatioun ugeet, schéngen nach esou munch Hürden ze bestoen, wéi eng Rei Nolauschterer eis geschriwwen hunn.

"Eng Wärmepompel ze installéieren ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet, well d‘Reglementatioun vun der Gemeng esou stuer an onsënneg ass, fir dass een nëmme Steng an de Wee geluecht kritt, fir eppes fir eist d'Klima ze maachen."


Fir op eng Wäermepompel ëmzestellen, muss een, dem Pol Felten no, och net onbedéngt eng Buedemheizung hunn oder d‘Heizkierperen d‘office alleguer wiesselen. Hie réit éischter dozou, d'Heizung emol z'ersetzen, dës ee Wanter laang normal lafen ze loossen a sollt et dann effektiv e Raum ginn, deen net genuch gehëtzt gëtt, "da kann een nach ëmmer punktuell deen Heizkierper ersetzen duerch e gréisseren, oder ee mat méi Couchen, dee méi Leeschtung an de Raum ofgëtt. Mä et ass net systematesch esou, dass ëmmer all Heizkierper direkt misst ersat ginn, wann eng Wärmepompel kënnt."

Eng weider technesch Erausfuerderung schéngt d‘Fro vun der Isolatioun ze sinn. Dem Energieberoder no, ass och dat keng Mussesaach. "Idealerweis dämmt een eng Dall zum Keller, et dämmt ee vläicht och nach eng Dall zum Späicher oder natierlech den Daach. Dat sinn och déi Mesuren, déi oft am einfachsten ëmsetzbar sinn. Eng Fassad ass scho méi komplizéiert, mee et ass net esou, dass eng Fassad muss isoléiert ginn, fir dass eng Wärmepompel funktionéiert."

An der Praxis stellen sech do awer nach eng Rei Froen.

"Wann een d’Fassad baussen net däerf isoléieren an d’Isolatioun dowéinst vu bannen maache muss, kritt een dacks Problemer mat der Fiichtegkeet an dem bestoenden Daach. Bei engem klasséierten Haus däerf een dobausse guer näischt maachen, an och dobannen gëtt et duerch déi vill Oplagen séier komplizéiert."

Sinn déi technesch Froen gekläert an d‘Reegelen all agehalen, stellt sech natierlech d‘Fro vun der Finanzéierung. Bei de Käschten am Alldag geet de Feedback, dee mir kritt hunn, deels wäit auserneen.

"Eng Wäermepompel kascht mëttlerweil och richteg Geld am Betrib, well d'Stroumpräisser esou staark geklomme sinn. Wat huet d'Regierung konkret geplangt, fir déi Leit ze ënnerstëtzen, déi an esou eng Anlag investéiert hunn? Dobäi däerfen och déi net vergiess ginn, déi scho viru fënnef oder zéng Joer investéiert hunn. Et ass gutt a wichteg, op d'Ëmwelt ze kucken. Mee fir mech muss sech esou eng Investitioun och finanziell rentéieren. Ech wëll domat Energie a Sue spueren an net um Enn méi bezuele wéi virdrun. Et misst een, änlech wéi beim Mazout, e speziellen Tarif fir Heizstroum aféieren."

Fir eng Wäermepompel z‘installéieren, misst ee bei engem Eefamilljenhaus mat Käschten tëscht 40.000 a 50.000 Euro rechnen. Gläichzäiteg wieren d‘Subventiounen haut esou héich wéi nach ni, betount de Pol Felten.

"Mir hunn en Haus vun 300 m2 aus den 80er Joren ouni besonnesch Isolatiounen op Wärmepompel ëmgestallt a kënnen nëmmen Positives feststellen! Wou mer fréier locker 3000m3 Gas gebraucht hu mat enger Gaskondenséierungs-Chaudière, brauche mer elo nach 8000kw Stroum! Dat ass vun der Energiequantiteit hier e gudden Drëttel, präislech spuere mir en Drëttel!"

Back to Top
CIM LOGO