Geklaute BancomatskaartenPolice warnt viru Bedruchsfäll duerch falsch Livreuren

RTL Lëtzebuerg
Den Ament gëtt et eng nei Bedruchsmasch bei där d'Täter sech als Livreuren ausginn.
Steet ee Livreur bei der Dier, ass dat u sech näischt Ongewéinleches. Ma et soll ee virun Onéierlechen oppassen.
Steet ee Livreur bei der Dier, ass dat u sech näischt Ongewéinleches. Ma et soll ee virun Onéierlechen oppassen.
© Police

An deene leschten Deeg sinn der Police eng Rei Tëschefäll mat enger Bedruchsmasch gemellt ginn. Dobäi hunn d'Täter sech als falsch Livreure vu Päck ausginn.

Si ruffen hir Affer fir d'éischt un a komme kuerz drop virun d'Dier fir zousätzlech Fraise fir de Pak ze verlaangen.

Bei der Bezuelung huele se dem Affer d'Kaart of an halen déi géint en Handy ier se nom PIN froen. Nodeems dësen da vum Affer confirméiert gëtt, gi si hinnen eng änlech, mee falsch Bankkaart zréck. Dacks mierken d'Leit et net, well d'Ähnlechkeet grouss ass an am Fong just en aneren Numm drop steet.

D'Täter benotzen dann déi richteg Kaart fir héich Montanten opzehiewen oder aner Saachen ze bezuelen.

An deem Kader erënnert d'Police drun, ni seng Bankkaart aus der Hand ze ginn an de PIN virun anere Blécker ze schützen. Bei Zweiwel soll de Virgang direkt ofgebrach ginn an d'Firma, déi de Pak u sech liwwere sollt, kontaktéieren. Besonnesch eeler Persoune sollen iwwert déi Bedruchsmasch informéiert a sensibiliséiert ginn.

Leit, déi sou enger Masch zum Affer gefall sinn, sollen direkt bei d'Police goen.

Back to Top
CIM LOGO