Nei audiovisuell Konzepter a FormaterLëtzebuerger Filmfong an RTL lancéiere gemeinsam Ausschreiwung

RTL Lëtzebuerg
Dës Ausschreiwung fir eng Serie am Beräich "Fiktioun" oder "Animatioun" leeft vun elo u bis nach de 15. Mäerz 2027.
© RTL

Fir hir Partnerschaft ze stäerken an d'Entwécklung vu Projeten, déi op der nationaler Televisiounschaîne ausgestraalt ginn, ze fërderen, lancéieren de Lëtzebuerger Filmfong an RTL Lëtzebuerg eng gemeinsam Ausschreiwung fir Produzenten, Regisseuren, Dréibuchauteuren an aner Professioneller aus dem audiovisuelle Secteur mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

Den Opruff huet als Zil, d'Entwécklung vun originelle Contenue fir d'Ausstralung op RTL Télé Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an d'Kreatioun vu Produktiounen ze encouragéieren, déi d'Diversitéit vum audiovisuelle Secteur zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

Ausschreiwung – Serie: Fiktioun oder Animatioun

Déi agereechte Projete mussen:

  • D'Format vun enger Fiktiouns- an/oder Animatiounsserie hunn
  • Aus Episode bestoen, bei deenen d'Längt – jee no den erzielereschen Ufuerderunge vum Wierk – ka variéieren
  • Als Haaptsprooch Lëtzebuergesch hunn, woubäi Ënnertitelen op Franséisch an Englesch méiglech sinn

D’Participatiounskrittären

All Projet muss follgend Krittären erfëllen:

  • Déi kulturell, sozial a sproochlech Diversitéit vun der lëtzebuergescher Gesellschaft erëmginn
  • En Ausstralungspotenzial fir d'Chaîne RTL Télé Lëtzebuerg hunn
  • De Projet muss zum Zäitpunkt vum Areeche vun enger Demande fir eng Produktiounssubventioun de Fërderkrittäre vun de selektive Finanzhëllefen („AFS – Aide financière sélective“) vum Lëtzebuerger Filmfong entspriechen

Doriwwer eraus muss all Demande fir eng Subventioun vun enger neier Staffel vun enger Serie, déi schonn am Kader vum Partenariat tëscht RTL Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt gouf, bei dëser Projetsausschreiwung agereecht ginn.

Dokumenter

All agereechten Dossier muss follgend Dokumenter enthalen:

  • Eng Titelpropos
  • Den ausgefëllte Formulaire (Link drënner)
    FFL-RTL Appel à projets 2026-2027 Formulaire de demande
  • Eng detailléiert Erklärung vum Konzept a vum Format vun der Serie
  • D'Ausschaffe vun enger Pilotfolleg (e komplett Dréibuch vun der Pilotfolleg ka fakultativ bäigefüügt ginn)
  • E virleefegen Entwécklungs- a Produktiounsbudget, dee beleet, datt de Projet realisabel ass
  • E virleefegen Zäitplang, deen d'Liwwerung vun enger „Nullkopie“ bannent zwee bis dräi Joer ka garantéieren

Schonn agereechte Projeten

Projeten, déi am Kader vun enger fréierer, gemeinsam vun RTL Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Filmfong organiséierter Ausschreiwung refuséiert goufen, kënnen op en Neits agereecht ginn, wa se an Tëschenzäit ëmfaassend iwwerschafft goufen.

D'Projete ginn no hirer kënschtlerescher Qualitéit, hirer Relevanz fir RTL, hirer Attraktivitéit fir de Lëtzebuerger Public, souwéi no hirem Potenzial, realiséiert ze ginn, bewäert.

Praktesch Infoen an Delai

Vun all Demande ass eng elektronesch Kopie un d’E-Mail-Adressen office@filmfund.etat.lu a secretariat@rtl.lu ze schécken. Zousätzlech mussen zwee physesch Exemplairë per Post un déi jeeweileg Adresse (Film Fund Luxembourg an RTL Télé Lëtzebuerg) geschéckt ginn:

Film Fund Luxembourg
Sarah Bamberg
Mentioun "Appel FFL-RTL"
33, rue Sainte-Zithe
L-2763 Luxembourg

RTL Télé Lëtzebuerg
Sandra Bintz
Mentioun "Appel FFL-RTL"
43, boulevard Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg

D’Ausschreiwung leeft bis de 15. Mäerz 2027.

Back to Top
CIM LOGO