
D'Iwwerreechung vum Präis, deen nom Lëtzebuergesch-amerikanesche Kënschtler a Fotograf Edward Steichen benannt ass, war wéi gewinnt am Mudam. All zwee Joer ginn d'Edward Steichen Awards iwwerreecht an dëst Joer waren et erëm zwou Fraen, déi dës gewonnen hunn. De Präis fir europäesch Kënschtler, zesumme mat enger Kënschtlerresidenz vu sechs Méint am International Studio & Curatorial Program zu New York goung un déi iranesch Kënschtlerin Nazanin Hafez.
Den Edward Steichen Luxembourg Resident à New York Award fir Lëtzebuerger a Lëtzebuerger Residentë krut d'Alexandra Uppman iwwerreecht. Hir Residenz zu New York ass véier Méint an zousätzlech kréie béid Kënschtlerinnen all Mount 4.500 US-Dollar, fir hiren Openthalt an der amerikanescher Stad ze finanzéieren.