Invité vun der Redaktioun Spezial: Face-à-faceSam Tanson (Déi Gréng) a Laurent Zeimet (CSV) iwwer d'Steierreform

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie geet et am Face-à-face mat der Sam Tanson an dem Laurent Zeimet ëm d'Steierreform an d'Energiemesuren.

Dëse Mëttwoch gëtt an der Chamber iwwer d'Steierreform ofgestëmmt. Eng eenheetlech Steierklass soll et ginn a jidderee soll finanziell dervu profitéieren.

Ass déi Reform eng gerecht Entlaaschtung oder gëtt ze vill mat der Strenz gefuer a si kascht de Staat ze vill? Doriwwer diskutéiere mer um 8 Auer an engem Face-à-face um Radio.

Am Studio géintiwwer sëtze sech de Laurent Zeimet, Fraktiounschef vun der CSV, an d'Sam Tanson, Porte-Parole vun déi Gréng an der Chamber, déi d'Reform net wäerte matstëmmen.

En Donneschdeg kënnt awer och nees d'Tripartite beieneen. Wéi soll et weider goe mat den Energiemesuren d'nächst Joer? Soll speziell de sougenannten "Tankrabatt" verlängert ginn. also d'Subventiounen op Bensinn an Diesel? Och wäert d'Thema an dësem Face-à-face ginn.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO