
Virun der Chamber manifestéieren en Dënschdeg ëm 15 Auer 13 Jugend-Organisatiounen. All d’Parteie sollen opgefuerdert ginn, d'Logementskris als eng absolut politesch Prioritéit ze behandelen, an endlech konkreet an effikass Mesuren ëmzesetzen.
Aktuell wier et fir vill Jonker nämlech einfach finanziell net méiglech, eng Wunneng ze fannen. "D'Loyeren an déi héich Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg maachen et enge sëllege Jonken, och deenen déi schaffen, onméiglech, ee Logement ze fannen, deen hire Besoinen an hire finanzielle Mëttele gerecht gëtt", huet et dozou an enger Kommunikatioun vun der Gewerkschaft OBGL geheescht. Mat derbäi sinn en Dënschdeg ëm 15 Auer virun der Chamber ënner anerem d'Jugendorganisatioune vun der LSAP, deene Gréngen, deene Lénken, de Gewerkschaften OGBL an LCGB a verschiddene Studentenorganisatiounen.
De Logementsminister Claude Meisch ha e Méindeg um Bord vun der Logementstripartite schonn annoncéiert, dass hie sech no der Allerhellegevakanz mat Vertrieder vun deenen 13 wéilt gesinn. E Méindeg war ausserdeem de Maxime Pantaleoni, ee vun de Organisateuren, eisen Invité vun der Redaktioun an huet iwwer d'Revendicatioune vun deene Jonke geschwat.