Afterwork am MënscherechtshausEleng dëst Joer goufen et 43 Placementer vu Mineuren am Prisong

Dany Rasqué
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, d'Unicef, déi consultativ Mënscherechtskommissioun an de Service de Justice restaurative schloen Alarm. Et ginn an de leschte Méint ëmmer méi Mineuren am Prisong placéiert.
Kanner a Jonker kéinte méi séier an de Prisong kommen, wéi dat bei Erwuessenen iwwerhaapt denkbar a méiglech wier, betount de Charel Schmit, den Ombudsman fir Kanner a Jonker.
© RTL

2024 goufen et fënnef Placementer, zejoert waren et der 27 a fir dëst Joer sinn et der aktuell 43. An dat, ob schonn verschidden international Organisatiounen d'Regierung zënter Joerzéngten ëmmer erëm drun erënneren, datt Kanner net an de Prisong gehéieren. Fir sech auszetauschen a fir ze sensibiliséiere war e Méindeg den Owend en Afterwork am Mënscherechtshaus.

An do huet de Laurent Seck, Substitut principal um Parquet Lëtzebuerg am Departement Jeunesse explizéiert, datt et ganz dacks ëm Iwwerfäll mat Gewalt geet, wann hien e Mineur am Prisong placéiert. Dat wiere Jonker, wou ee misst kucke wou se hier kommen an ob et wierklech Mineure sinn, da ginn et Jonker, déi zu engem Clan gehéieren a vun hirer Famill ugestallt gi fir anzebriechen, oder am ëffentlechen Transport d'Leit ze beklauen, an dann natierlech och jonk Residenten.

"Wa se dann zu e puer decidéieren, een iwwerfalen ze goen, da kënne mir net de Jugendlechen net einfach op d'Dräibuer setzen oder en Heem goe loossen, da musse mer als éischt emol en iergendwou placéieren, wou mer kënne kucken, wat mat deem Jugendlechen ass, wéi geféierlech ass de Jugendlechen, et ass och eng Saach vun Opferschutz, dowéinst ginn déi Jugendlech placéiert, an dowéinst hu mer als Choix just d'Unisec zu Dräibuer, déi huet zwielef Plazen, a wann déi Unisec voll ass, dann hu mir als eenzeg Alternativ nach de CPL."

Also de Prisong zu Schraasseg. Kanner a Jonker kéinte méi séier an de Prisong kommen, wéi dat bei Erwuessenen iwwerhaapt denkbar a méiglech wier, betount de Charel Schmit, den Ombudsman fir Kanner a Jonker. Et géif net just ëm Zuelen an Infrastrukture goen, mä och ëm rechtsstaatlech Garantien.

Et ass esou, dass eeben dee grousse Grondsaz bei eis Erwuessenen ass, dass mer innerhalb vu 24 Stonnen engem Riichter virgefouert musse ginn, fir eis kënnen ze erklären, zesumme mat engem Affekot, Affekotin, fir kënnen eis Rechter geltend ze maachen. Dee Prinzip hu mer eeben net bei de Mannerjäregen, an do mengen ech do musse mer besser ginn. Dat kënne mer och duerchaus elo scho maache mat dem geltende Gesetz.

"Och wann ee sech kann e Mount Zäit loossen, ass et aus der Perspektiv an der Erfarung, an der Warnehmung vum jonke Mënsch am Fong en onwürdegen Traitement, en Traitement inhumain, fir eigentlech net ze wëssen e Mount laang, ob een e Riichter, Riichterin gesäit oder net."

Net ze wësse wat an esou enger Situatioun geschitt nennt de Psycholog an Éierepresident vun der Mënscherechtskommissioun, de Gilbert Pregno, onerdréiglech. A sengen Ae brauch et Méiglechkeeten an der "klenger Kandheet" an Alternativ-Strukturen zum Prisong.

"Dat gëtt et. Firwat hu mer dat net? Ech mengen, datt d'Politik sech dofir net intresséiert. Si schaaft Saachen, déi scheinbar d'Leit frou maachen, awer dat Leed vun de Kanner an de Jugendlechen, vun de Famillen dat gëtt net a Betruecht gezunn. Dat mécht mech dann och ganz vill rosen."

Am Abrëll 2022 huet déi deemoleg Justizministesch Sam Tanson e Gesetzprojet deposéiert, deen ënnert anerem virgesäit, datt eng spezifesch penal Prozedur fir Mineure geschaaft gëtt an dee verbitt Kanner an de Prisong ze spären. Am Mee zejoert gouf et amendéiert an et stoung duerno och schonn um Ordre du jour vun der parlamentarescher Justizkommissioun, mä gestëmmt ass et véier an en halleft Joer méi spéit nach net.

An dat obschonn de Comité anti-torture vum Conseil de l'Europe den Autoritéiten zënter 1993 - also zënter 33 Joer- recommandéiert, dofir ze suergen, datt keng Kanner méi an de Prisong fir Erwuessener kommen.

Back to Top
CIM LOGO