
Bal 40 Joer no de Bommeleeër-Attentater an iwwer zéng Joer nom Ufank vum Haaptprozess ass d'Affär nach ëmmer net ofgeschloss. Ier d'Prozedur géint de Marc Scheer an de Jos Wilmes, déi am Verdacht stinn, d'Attentater verüübt ze hunn, ka weidergoen, muss fir d'éischt gekläert ginn, ob fréier héich Beamten am Haaptprozess Falschaussoe gemaach hunn.
No 12 Prozessdeeg hat d’Geriicht de fréiere Police-Generaldirekter Pierre Reuland am Februar wéinst Falschaussoen zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt.
Déi dräi aner fréier Gendarmerie-Beamten an héije Positiounen, den Aloyse Harpes, de Guy Stebens an den Armand Schockweiler, goufen dogéint fräigesprach. Dat selwecht gëllt fir de fréiere Member vun der Brigade mobile, de Marcel Weydert, an de fréiere Beamte vun der Sûreté publique, de Guillaume Büchler. Den Dossier géint de Paul Haan war wéinst sengem Gesondheetszoustand separat behandelt ginn.
Souwuel de Pierre Reuland wéi och de Parquet ware géint d’Urteel an Appell gaangen. De Parquet war net mat der Strof fir de Pierre Reuland an och net mat de Fräispréch vun den dräi anere fréiere Gendarmerie-Beamten averstanen. De Marcel Weydert an de Guillaume Büchler wäerten also net Deel vun dësem Appellprozess méi sinn.
Schonn an éischter Instanz hat d'Verdeedegung argumentéiert, datt et no Joerzéngten ëmmer méi schwéier wier, d'Wourecht genee ze rekonstruéieren. Ënnerschiddlech Datumen, Nimm oder Erënnerungen u Reunioune wieren net automatesch de Beweis, datt bewosst falsch ausgesot gi wier. “Fundamental ass keng falsch Zeienausso hei gemaach ginn, fir iergendwéi e Geriicht ierzeféieren”, hat den Affekot Georges Pierret an éischter Instanz ënnerstrach.
D'Affekoten hunn och d'Aarbecht vun den Untersuchungsriichter an d'Qualitéit vun der Enquête aus den 80er-Jore kritiséiert. Den Affekot Benoît Entringer hat betount, datt d'Verdeedegung zwar Mängel an der Aarbecht vun der Justiz an der Police opgewisen hätt, awer net hätt kënnen noweisen, datt d'Offizéier d'Enquête oder d'Instruktioun sabotéiert hätten.
De Roland Assa, den Affekot vum Pierre Reuland, hat no der Verurteelung vu sengem Mandant vun engem „Bauerenaffer“ geschwat. No bal 40 Joer Enquête wier senger Meenung no ze erwaarde gewiescht, datt um Enn net einfach näischt hätt kënnen dobäi erauskommen.
Fir den Appellprozess sinn aktuell fënnef Verhandlungsdeeg bis den 10. November virgesinn. D'Bommeleeër-Attentater selwer sinn awer ëmmer nach net Géigestand vun dësem Appellsprozess. D'Serie vun enger ronn 20 Attentater tëscht 1984 an 1986 ass bis haut net opgekläert.