Mat dëse Froe beschäftegt sech de Luxembourg Sustainability Forum 2026. Ënnert dem Motto „Better Health, Better Life, Better Planet“ kommen Expertinnen an Experten am Groussen Theater an der Stad zesummen, fir iwwer d’Zukunft vun eiser Gesondheet an eng méi nohalteg Gesellschaft ze diskutéieren.
Eis Gesondheet gëtt vu ville Facteure beaflosst: vun deem, wat mir iessen, iwwer eise Liewensstil bis hin zu der Ëmwelt, an där mir liewen. Gläichzäiteg stellen de Klimawandel, d’Ëmweltbelaaschtung an déi gesellschaftlech Verännerunge mir virun nei Erausfuerderungen. Wéi kënne mir dës Zesummenhäng besser verstoen? A wéi eng Léisunge kënnen dozou bäidroen, datt mir net nëmmen haut, mee och an Zukunft méi gesond liewen? Um Luxembourg Sustainability Forum 2026 stinn dës Froen am Mëttelpunkt.
De Forum live op RTL.lu
Dir wëllt wëssen, wéi eng Iddien an Impulser d’Diskussioun iwwer eng méi gesond a méi nohalteg Zukunft prägen? Mir streamen de Luxembourg Sustainability Forum 2026 live. Sou kënnt Dir d’Diskussiounen an d’Interventioune vun den Expertinnen an Experten direkt matverfollegen.
Schalt eran a loosst Iech inspiréieren! De Forum bitt d’Geleeënheet, nei Perspektiven ze entdecken, Zesummenhäng besser ze verstoen an Iddien matzehuelen, déi eis Gesondheet, eist Wuelbefannen an de Schutz vun eisem Planéit betreffen.
De Luxembourg Sustainability Forum 2026 – live op RTL.lu.