Rainy Days 2026An der Philharmonie gëtt et nach eng Kéier waarm

Isabelle Gillen
D'Thema vum Rainy Days Festival ass dëst Joer "heat", also Hëtzt.
© Philharmonie Luxembourg

Op enger Pressekonferenz um Méindeg Moien gouf de Programm fir de Rainy Days Festival am November virgestallt. Dëst Joer dréint sech alles ëm d'Hëtzt, dofir gouf d'Pressekonferenz och am Heizungskeller vun der Philharmonie ofgehalen. No esou engem waarme Summer, géif dëst gutt passen, erkläert d'Curatrice vum Festival Catherine Kontz ma et kéint een d'Thema awer och méi breet gesinn:

"Et kann een dat ganz verschidden ugoen, och eben an der Musek. Déi eng Saache si fir Passioun, oder Léift, oder 'desire', mee et kann och de Klima sinn, dass et ze waarm ass. Et si vill Komponisten, déi do driwwer schreiwen. Et kann och Friktioun sinn, also Konflikt, oder de Krich an all déi Saachen an Themen, déi elo an den News sinn."

D'Curatrice hätt wëllen en Thema eraussichen, dat net ze vill aschränkt, oder direkt ze deiten ass. Hëtzt wier zimmlech generell a léisst de Kënschtler all Fräiheet, sech esou domat auserneen ze setze, wéi se wëllen. Et wier awer trotzdeem en Thema, mat deem jiddereen eppes ufänke kann. Et wier eng Méiglechkeet fir Tabuthemen, oder komplizéiert Sujeten unzeschwätzen an e Raum fir Reflexioun ze schafen.

Iwwer 6 Deeg ginn et op de Rainy Days méi wéi 50 Projeten ze entdecken. Dat vun nationale, wéi internationale Museker an och net nëmmen an der Philharmonie. Fir de Festival kollaboréiert d'Musekshaus nämlech mat anere Kulturinstitutiounen a bitt esou zum Beispill Evenementer mam Nationaltheater oder dem Konschtforum Casino un.

Am TNL Atelier gëtt et de 17. an 19. November dat musikalescht Theaterstéck "L'enfant soldat née musique" ze gesinn. Dëst ass inspiréiert um Liewe vum afrikanesche Museker a Sänger Oumar Kouyaté an erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi als Kand virum Krich geflücht ass.

Am Casino ginn et dann zwou Expoen, déi sech och mat der Hëtzt beschäftegen. An deem Kontext gëtt et den 18.11 d'Touninstallatioun "Crickle Crackle Pop. (Rush Roar)" ze gesinn.

D'Catherine Kontz huet nach e puer weider Highlights aus dëser Editioun vum Rainy Days Festival erausgepickt:

"Ech géif emol ervir hiewen: Den Orchester-Concert den éischten Dag ass immens flott, well do vill Verschiddenes gespillt gëtt an dat ass einfach grouss. An da géif ech och eraus picke mat Lucilin. Sonndes am fréien Owend spille si e ganz flott Stéck, dat ass minimalistesch. Dann hu mer och RAFTSIDE, de Filip Markiewicz, samschdes owes. Deen ass manner zäitgenëssesch Musek, mee mir hunn en zesumme gedinn mat der Akademie vun de jonken Orchesterspiller hei am Orchester. Dat ass e Pop Concert, mee an esou engem Kader vum Rainy Days."

D'Curatrice huet selwer och e Projet, dee si um Festival weist. Zesumme mam Eunoia Trio:

"Dat ass Perkussioun, Piano a Stëmm. Do hunn ech mech inspiréiert un engem Interview vun der Madamm Erna Hennicot-Schoepges, dee si eng Kéier ginn huet mam Samuel Hamen. Dat war en europäesche Projet. Et ass op Lëtzebuergesch an d'Louisa Marxen spillt mat richtege Rousen. Dat ass och eppes Flottes fir ze kucken."

Fir déi Kleng ass dës Kéier e bësse manner um Rainy Days Festival ze fannen, ma et gëtt awer eng Däitsch Oper fir Kanner ab 5 Joer, déi gär hir éischt Erfarunge mat Musek maache wëllen. Dës nennt sech "Der kleine Drache Immer-Heiss" a gëtt schonn am Viraus vum Festival, de 14. a 15. November opgefouert.

Nieft de grousse Concerten an de Säll vun der Philharmonie, ginn iwwert d'Dauer vum Festival och verschidden Evenementer am Foyer organiséiert. Esou zum Beispill eng Toun-Installatioun, déi och fir Kanner gëeegent ass.

De Rainy Days Festival leeft vum 17. bis 22. November. Méi Informatiounen iwwert d'Programmatioun an déi eenzel Projete fannt dir hei.

© Philharmonie Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO