Landschaften, Portraiten, Nature-Morten... Ganzer 52 Meeschterwierker kann een um 3. Stack vum Nationalmusée entdecken. 30 dovunner stamen aus der sougenannter Sammlung Rau fir UNICEF – eng vun de bedeitendste private Konschtsammlunge vun Europa, déi zu Remagen am ARP Museum Bahnhof Rolandseck versuergt gëtt. Dës ginn ergänzt duerch besonnesch Wierker aus der eegener Sammlung vum Nationalmusée.
"Das sind sehr berühmte französische Meister: Monet, Edouard Manet, Gustave Courbet, Mary Cassett, Caillebotte, Pissarro, also all die großen Namen sind da und das ist wirklich eine große Freude, die alle zusammen - 30 Top-Werke - von dem Impressionismus hier zu Gast zu haben", sou de Curateur vun der Ausstellung, Ruud Priem.
"From Renoir to Monet" ass eng Entdeckungsrees vu Wierker, déi gepräägt si vun enger Welt, déi sech duerch déifgräifend sozial Ëmbréch immens schnell verännert huet. Entgéint der streng akademescher, klassescher Molerei, wollten d’Impressionisten net einfach exakt, realistesch Detailer duerstellen, ma si wollten dee gesamte Charakter vun enger Zeen, respektiv vum Moment mat senger Luucht, senge Faarwen a senger Stëmmung festhalen an erëmginn.
Een Numm, dee wéi keen anere fir d’Epoch an d’Stilrichtung vum Impressionismus steet, ass Claude Monet. Dee franséische Moler war ee vun de Grënner vun dëser Beweegung an hat hir iwwregens och hiren Numm ginn. Ganzer dräi Wierker vun dem sougenannte "Meeschter vun der Luucht" ginn et an dëser Expo ze bewonneren; dorënner "Les pyramides rocheuses de Port-Coton".
Zu den Top-Wierker vun der Ausstellung an aus der Rau Kollektioun fir Unicef gehéiert och d’Uelegmolerei "La mer. Opus 211" vum Paul Signac. Eng Strandlandschaft, déi dee franséische Moler 1890 bei Saint-Malo gemoolt hat.
Ënner déi vill Molereien hu sech iwwregens och zwou Fotografie vum Edward Steichen gemëscht. D’Fotografie ass nämlech ontrennbar mam Impressionismus verbonnen. Béid Medien hate sech am 19. Joerhonnert parallel entwéckelt a sech géigesäiteg beaflosst.
Nach bis de 4. Abrëll 2027 huet een d’Méiglechkeet, déi vill Wierker am Nationalmusée um Fëschmaart ze entdecken.