"Pink Moon Tokyo" vum Marcy"Et ass dat éierlechste Lidd, wat ech bis elo geschriwwen hunn"

Isabelle Gillen
Mir haten d'Sängerin am Passepartout-Interview an hunn iwwert hiert neit Lidd geschwat.
D'Lëtzebuerger Musekerin
D'Marcy stellt hir nei Single "Pink Moon Tokyo" fir.

Et ass en Numm, deen een zanter e puer Joer ëmmer méi dacks an der Lëtzebuerger Musekszeen héiert. Sief et op Festivaller oder eegene Concerten, d'Marcy konnt sech an der alternativer Zeen duerchsetzen an huet nieft ville Singlen och schonn eng EP an en Album verëffentlecht.

Elo ass hiert neiste Lidd "Pink Moon Tokyo" mam passende Museksvideo erauskomm a weist eng ganz aner Säit vun der jonker Sängerin

"De Song geet em mental Gesondheet an imposter syndrome. Dorëms, dass een net ëmmer d'Gefill huet, seng Platz fonnt ze hunn."

Et wier ni geplangt gewiescht, d'Lidd eraus ze bréngen, erzielt d'Marcy, ma bemol hätt si sech trotzdeem dozou entscheet:

"Et ass warscheinlech dat éierlechste Lidd, wat ech bis elo geschriwwen hunn. Ech hunn et geschriwwe, wéi ech eng Kéier nuets am Bett loung a net schlofe konnt, well ech ganz vill Gedanken hat an ech e Moyen gebraucht hunn, fir déi Gedanken eraus ze loossen."

D'Lidd ass inspiréiert un enger Rees op Tokyo:

"Ech hat meng Release vu menger EP 'backwoods' d'lescht Joer am Oktober an deen Ament war ech zimmlech burned out. An do koum déi Geleeënheet, dass ech konnt op Japan fléien. Ech si wierklech frou, dass ech dat gemaach hunn, well ech war dräi Wochen a Japan an et war eng vun deene schéinsten Zäiten a mengem Liewen. Ech hunn all meng sozial Medie geläscht an hat fir d'éischt säit ech denke kann einfach guer keng Gedanken an Ängschte méi. Guer näischt, wat mech iergendwéi waakreg gehalen huet an der Nuecht. Dee Moment, wéi ech de Song geschriwwen hunn, hunn ech mech just nëmmen dono geseent, nach eng Kéier dat Gefill ze hunn, wat ech a Japan hat an dofir heescht d'Lidd Pink Moon Tokyo."

Elo ass och e Museksvideo fir dat neit Lidd eraus komm, deen d'Sängerin eegestänneg produzéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO