Passepartout am PreviewZwee nei Filmer, zwou ganz verschidden Expoen an eng Lëtzebuerger Musekerin

Patricia Baum
Dës Woch am Passepartout: vum Impressionismus bis bei konzeptuell Konscht, vun engem Touningénieur mat Schwieregkeeten bis zu enger Rees duerch Europa a Japan.
Passepartout vum 24. Oktober 2026
"From Renoir to Monet", d'Musekerin Marcy, de Film "Äppel a Biren", de Max Mertens an der Galerie Nei Liicht an de Kuerzfilm "Den Touningenieur".

D’Marcy presentéiert hiert neit Lidd Pink Moon Tokyo. Vum Renoir bis bei de Monet - déi nei Ausstellung am Nationalmusée presentéiert dat Bescht aus dem Impressionismus. Et geet an de Kino mam Film “Äppel a Bieren” vum Lukas Grevis. Zu Diddeleng kann een den Ament dem Max Mertens seng konzeptuell Wierker gesinn an de Filmreakter Quickie vun dëser Woch ass "Den Touningenieur" vum Geneviève Mersch.

Back to Top
CIM LOGO