
Méi wéi 55 Exposanten hu sech do zesummegedoen, fir der Innovatioun eng Bün ze ginn.
Jonk an al waren e Samschdeg um Rendez-vous. Hier Gemeinsamkeet: den Interessi fir d’Technik. Dat wier hautdesdaags awer net méi sou einfach ze fannen, Jonker, déi sech fir d’Gekniwwels a Gebastels am technesche Beräich interesséieren, erkläert de Pit Conrad, Enseignant am Bouneweger Lycée: “Mat der Handy-Generatioun ass de Wee an de Maker Space e wéineg méi schwéier, well d'Schüler dat Glécksgefill méi séier um Handy kréien, wéi datt si dräi Stonnen un eppes bauen an dann deementspriechend hiert Resultat hunn.” Dofir wiere grad esou Evenementer wichteg, fir de Jonken d’Begeeschterung fir d’Selwer-Entwéckele mat op de Wee ze ginn.
Den Eric Krier vun der Make’it ASBL, eng vun zwou Vereenegungen, déi un der Organisatioun vun dësem Event bedeelegt sinn, gleeft un de Succès vum Projet: “Hei ass d'Mëschung, déi interessant ass. Dat heescht, mir hu souwuel Leit, déi am Beräich vum Steampunk ënnerwee sinn, mir hu Radio-Amateuren, mir hu Leit, déi programméieren, déi mechanesch och Saache maachen, handwierklech täteg sinn, vläicht och u Fuerschungsprojete schaffen, déi Mëschung kënnt hei zesummen, well se awer all déi selwecht Passioun deelen.”
De Visiteuren zu Rouspert “Am Bongert” goufen e Samschdeg op alle Fall ganz aussergewéinlech Erfindungen a Roboter, esou wéi verschidden Aktivitéiten, bei deenen si selwer matmaache konnten, ugebueden. Op der Plaz waren awer net nëmmen Geeks an Technik-Fans aus dem Grand-Duché, mee och aus dem Ausland.
Ënnert anerem ass d’Anouk Wipprecht, Ambassadrice vun dëser 5. Editioun. Déi international bekannte Moude-Tech-Designerin verbënnt Moud mat Technologie a steet domat fir déi kreativ Verknëppung vun dësen zwee Beräicher. “Ech schaffe beispillsweis fir de Cirque du Soleil oder verschidden Theateren. Dacks wëllen d'Clientë speziell Saachen oder och Kleeder, déi sech zum Beispill eenzegaarteg beweegen. An dobäi hëllefen ech. Ech stellen déi Saachen hier a programméiere se.”
Nieft der “Make’it” ASBL ass och de “Musée Tudor” Deel vun der Organisatioun vun der Maker Faire. An zwar net aus Zoufall, wéi de President vun der Associatioun “Les amis du musée Henri Tudor”, de Patrick Hierthes, zielt: “Mir wëllen den Henri Tudor domadder e bëssen an d'Erënnerung ruffen. Hien war fir eis den éischte “Maker” hei zu Lëtzebuerg aus dem 19. Joerhonnert, dee mat der Elektricitéit Saachen entwéckelt an erfonnt huet.”
Villes, wat een op der Maker Faire gesäit, brauch een op den éischte Bléck wuel net, sou den Direkter vum Musée Tudor, João Martins. “Wat mir hei awer versichen ze vermëttelen ass, dat déi verréckt Iddie vu gëschter, d’Outile sinn, déi mir haut benotzen. Esou entseet Entwécklung.”
Nieft dem Entdecke vun neien Technologien an ongewéinleche Kreatioune steet virun allem d’Matmaachen och am Mëttelpunkt vun der Faire. D’Visiteure konnten interaktiv Installatiounen erliewen, u Workshops deelhuelen oder Roboter entdecken, déi wéi vun allem sech beweegen.
D’Zil ass et, d’Leit, a virun allem dem jonke Public, d’Motivatioun mat op de Wee ze ginn, nei Iddien a Projete selwer ëmzesetzen. E Sonndeg geet et dohier weider bei der Maker Faire zu Rouspert: vun 10:00 bis 18:00 Auer sinn d’Dieren op, den Entrée ass gratis.
All d’Infoen dozou fannt dir op: www.makerfaire.lu