Nieft Die Fantastischen Vier, Sting an AngèleFontaines D.C. kommen den 13. Juni op den Open Air Belval

RTL Lëtzebuerg
Elo ass et offiziell: Headliner um Open Air Belval sinn - nieft dem Sting, de Fantastischen Vier an dem Angèle - d'Post-Punk-Sensatioun Fontaines D.C.
Fontaines D.C. hunn eréischt virun zwou Wochen hiren neien Album erausbruecht.
Fontaines D.C. hunn eréischt virun zwou Wochen hiren neien Album erausbruecht.
© NurPhoto via AFP

D'Band aus Dublin huet eréischt virun zwou Wochen hire fënnefte Studioalbum "Dopamine Chamber" erausbruecht.

Fir d'lescht si Fontaines D.C. d'lescht Joer an der Abtei Neimënster zu Lëtzebuerg opgetrueden. Virun der Kuliss vun de Héichiewen um Belval wäerte si hire Publik ouni Zweiwel genee esou begeeschteren, wéi virun der Kuliss vum Péitrussdall. Tickete fir Fontaines D.C. wäerten e Freideg den 30. Oktober ëm 11 Auer op rockhal.lu an de Verkaf goen.

Déi aner Concerten, déi an der "Open Air Belval"- Rei schonn annoncéiert sinn, sinn de Sting (15. Juni 2027), d'Angèle (20. Juni 2027), an Die Fantastischen Vier (25. Juni. 2027). Tickete fir dës Concerte si schonn am Verkaf. Wéi et vun der Rockhal heescht, wäerten an den nächste Méint warscheinlech nach aner Acts annoncéiert ginn, déi de Summer am Kader vum Open Air Belval op der Plaz virun der Rockhal spille wäerten.

D'lescht Joer si Fontaines.D.C. an der Abtei Neimënster opgetrueden.
D'lescht Joer si Fontaines D.C. an der Abtei Neimënster opgetrueden.
© Sarah Cames / RTL

Back to Top
CIM LOGO