Spuenien a Slovenien nach net decidéiertLëscht mat Länner, déi um Eurovision deelhuelen, publizéiert

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell si 36 Länner beim ESC 2027 zu Burgas sécher mat dobäi. Bei zwee Länner steet nach e Fragezeechen hannert der Participatioun.
All d'Tëleeschaînen, déi beim ESC 2026 sécher mat dobäi sinn, op ee Bléck.
All d'Tëleeschaînen, déi beim ESC 2026 sécher mat dobäi sinn, op ee Bléck.
© EBU

Vum 11. bis de 15. Mee ass a Bulgarien déi 71. Editioun vum Eurovision Song Contest. Wéi d'EBU, déi fir d'Evenement zoustänneg ass, matgedeelt huet, si bis ewell 36 Länner zu Burgas mat dobäi. Hanner Spuenien a Slowenien steet nach e Fragezeechen. Béid Länner hu sech nach net decidéiert, ob si deelhuelen oder net. Holland an Irland hu scho matgedeelt, datt een aus Boykott géint d'Participatioun vun Israel net deelhëlt, och Tschechien wäert dëst Joer net untrieden.

Zeréck am Panel ass awer Nordmazedonien, déi elo véier Joer laang net bei der Finall vum ESC mat dobäi waren. Och Kanada ass zanter dem leschte Joer offiziell komplette Member vun der EBU an ass deemno och bei dëser Editioun vertrueden.

Hei den Iwwerbléck vun all de Länner

  • Albanien
  • Armenien
  • Australien
  • Aserbaidschan
  • Belsch
  • Bulgarien
  • Däitschland
  • Dänemark
  • Éisträich
  • Estland
  • Finnland
  • Frankräich
  • Georgien
  • Griichenland
  • Groussbritannien
  • Israel
  • Italien
  • Kanada
  • Kroatien
  • Lettland
  • Lëtzebuerg
  • Litauen
  • Malta
  • Moldawien
  • Montenegro
  • Nord Mazedonien
  • Norwegen
  • Polen
  • Portugal
  • Rumänien
  • San Marino
  • Schwäiz
  • Schweeden
  • Serbien
  • Ukrain
  • Zypern

31 Länner wäerten an den zwou Halleffinallen untrieden, déi den 11. an 13. Mee wäerte sinn. 20 ënnert hinnen treffen dann an der Finall op d'Gaaschtland Bulgarien, esou wéi déi gesate Länner Frankräich, Däitschland, Italien a Groussbritannien, dat de 15. Mee.

PDF: EBU annocéiert 36 Länner, déi beim ESC mat dobäi sinn

Finall vum LSC Enn Januar 2027

Wie Lëtzebuerg op Burga wäert schécken, gëtt an der Finall vum LSC definéiert. 12 Kandidate si bis ewell nach an der Course a Mëtt November gëtt matgedeelt, wie vun hinnen et an déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest, déi den 30. Januar an der Rockhal wäert sinn, packt.

Back to Top
CIM LOGO