Am TaktMat Superdrive, Pilot Light an The Spaceminers

Loïc Juchem
Mir ginn op d'Rocklab Session vu Superdrive a Pilot Light dëse Mëttwoch an der Rockhal an, dernieft sinn d'Spaceminers am Studio. Hier éischt EP ass de Weekend erauskomm.
© RTL Grafik

De Concert vu Superdrive a Pilot Light e Mëttwoch an der Rockhal war an der Emissioun "Am Takt" eisen Ophänkert.

© Screenshot: Rockhal.lu

Superdrive huet sech 2021 forméiert, derhannert stiechen de Louis Wiright, Baba Pintsch, Steve Schmit an de Gilles Lanners. Am Mee dëst Joer koum hier Single "How Does It Feel" eraus, am neie Joer Releasen si nach weidert Material.

26/10/2026 Am Takt Superdrive

Pilot Light huet déi nei Single "So Much Worse" dobaussen, et soll ee vun de markantste Lidder vun der Band sinn.

© Pilot Light

De Sound kombinéiert den Indie-Rock aus de fréien 2000er mat energesche Gittar-Sounds, e Song deen och wärend der Rocklab Session op der Bün gespillt gëtt.

26/10/2026 Am Takt Pilot Light

An engem leschten Interview hu mir och mat "The Spaceminers" geschwat. De Samschde koum hier éischt EP "Waiting for the Good Times" eraus.

© The Spaceminers

Op der EP si véier Lidder, déi zäitgenëssesche Pop mat Aflëss aus Latin, R&B a Funk verbannen. All d'Lidder goufe vu Memberen aus der Band selwer geschriwwen an och ëmmer weider entwéckelt.

26/10/2026 Am Takt The Spaceminers

Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Emissioun:

Back to Top
CIM LOGO