52 Gruppe sinn e Sonndeg duerch d'Ieselsstad gezunnZu Dikrech war déi 58. Editioun vun der berüümter Kavalkad
Zanter 1978 organiséieren "D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich" déi bekannt Kavalkad an der Brauereisstad.
Andréck vun der 58. Kavalkad zu Dikrech (15.2.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dëst Joer war et déi 58. Kéier, dass d’Fuesboken duerch Dikrech gezu sinn. Anescht ewéi d’Jore virdrun ass et dës Kéier schonn um 14 Auer lassgaangen. 52 Gruppen - zu Fouss oder op Ween - hu matgemaach, eng 1.800 Leit si mat getrëppelt an nach vill méi stounge laanscht Stroossen nozekucken an ze feieren.
Hannert esou engem Event stécht deementspriechend vill Aarbecht. All Joer gëtt e Budget vun 200.000 Euro gebraucht.
D'Fuesboke ware lass: Déi 58. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad
Um 14 Auer goung et lass. 52 Gruppen hunn dëst Joer matgemaach.
Dikrecher Kavalkad kuerz virum Depart (15.2.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
40.000 Fuesgecke waren zejoert op Dikrech komm, fir sech den Ëmzuch net entgoen ze loossen. Dëst Joer fänkt de Cortège eng hallef Stonnen éischter un, also schonn um 14 Auer All weider Ännerungen an de ganze Planning vun der Kavalkad fannt Dir hei.
58. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad
53. Ween zéien e Sonndeg duerch d’Stroosse vun Dikrech.
Am Joer 1870 gouf eng éischte Kéier eng Kavalkad zu Dikrech organiséiert. Am Februar 1978 gouf den Organisatiounscomité “D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich” an d’Liewe geruff. Si sinn och nach haut fir d’Organisatioun vun der Kavalkad responsabel.
Dikrecher Kavalkad - Preparatioune lafen op Héichtouren (5.2.26)
5 Tonne Séissegkeete sinn et eleng fir op de Won vum E.S.D.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Weider News zum Sujet