Nom Echec vun de FriddensgespréicherDonald Trump annoncéiert Blockad vum Passage vun Hormus

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Donald Trump huet sech op senger Social-Media-Plattform "Truth Social" zu de Gespréicher tëscht den USA an dem Iran zu Islamabad geäussert.
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
© SAUL LOEB/AFP

Dës si jo ouni en Accord iwwer e Fridden oder eng weider Wafferou op en Enn gaangen.

Dem US-President no wier notamment beim wichtegste Punkt, nämlech der Reouverture vum Passage vun Hormus keng Eenegung erreecht ginn. Dowéinst géif d’US-Navy elo direkt e Blockage vum Passage vun Hormus an d’Weeër leeden. Et géif een all Schëff, dat an internationale Gewässer ënnerwee wier, an dat d’Tax, déi den den Iran fir de Passage duerch d’Mierenkt verlaangt, bezuelt hätt, offänken. Et géif een iwwerdeems alleguer d’Séi-Minnen, déi den Iran an der Strooss placéiert hätt zerstéieren. D’USA géife sech net erpresse loossen, sou den Trump.

Back to Top
CIM LOGO