
CNN hat en Donneschdeg aus Versinn en Artikel mat engem Video mam Titel “An Erënnerung un d’Liewe vum Schauspiller Michael J. Fox” verëffentlecht a kuerz duerno nees geläscht. Eng Meldung, déi offensichtlech fir de Fall vu sengem Doud geplangt war. Den Acteur selwer, deen 1998 u Parkinson erkrankt ass , huet mat Humor an enger Grëtz Selbstironie op de Bäitrag reagéiert. Op der Onlineplattform Threads schreift hien:
“Wéi reagéiers de, wann s de d’Tëlee u mëss a CNN bericht iwwer däin Doud?
A) Schalts de ëm op MNSBC oder wéi si sech och ëmmer dëser Deeg nennen,
B) Schëtts de gliddeg waarmt Waasser iwwert däi Schouss a wann et wéi deet, geet et der gutt,
C) Riffs de deng Fra un, déi hoffentlech besuergt ass mee dech berouegt,
D) Entspaans de dech, si maachen dat eemol all Joer, (...)”,
sou de Fox am Geck iwwert de Virfall.
Och de Spriecher vum 64 Joer ale Schauspiller, dee besonnesch fir seng Roll als Marty McFly an der Back-to-the-Future-Trilogie bekannt ass, huet d’Doudesmeldung dementéiert a Medie géigeniwwer confirméiert, dass et him gutt goe géif. “CNN huet eis matgedeelt, datt si den Artikel an de Video aus Versinn verëffentlecht hätten. Si hu sech ëffentlech beim Fox a senger Famill entschëllegt”, heescht et.