Prozess iwwer Accident mat Äisskulptur op ChrëschtmaartAffekote vum LCTO, respektiv vum fréiere President a Mataarbechter froe Fräisproch fir hir Clienten

Michèle Sinner
Um Dënschdeg goung et weider mat de Plaidoyere vun der Defense.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Am Prozess wéinst dem déidlechen Accident mat der Äisskulptur um Chrëschtmaart 2019 goung um Dënschdeg weider mat de Plädoyere vun der Defense. D'Affekotin vum LCTO huet en Fräisproch fir d'ASBL gefrot, déi den Tourismusbureau vun der Stad Lëtzebuerg bedreift. Si huet argumentéiert, datt kee Feeler géint d'Mataarbechter zréckzebehale wier an dowéinst och net géint den LCTO als personne morale.

Den Affekot vum fréieren LCTO-Direkter an dem Mataarbechter, deen de Sculpteur de 24. November 2019 um Knuedler an Empfang geholl hat, huet och e Fräisproch fir seng Clientë gefrot. Och hie gesäit d'Schold fir den Accident beim Sculpteur selwer. Hien huet argumentéiert, datt ee senge Clientë keen Défaut de Prévoyance kéint virwerfen, well et bis dohin zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend keen déidlechen Accident mat enger Äisskulptur ginn hätt. Ouni d'Experienz vun an d'Wëssen ëm esou Accidenter wier dat schwéier virauszegesi gewiescht. 

Back to Top
CIM LOGO