
D’Affekote vum Haapt-Sculpteur hu gefrot, datt hien eng Amende, mee keng Prisongsstrof soll kréien. Fir déi aner zwee Sculpteuren hunn hir jeeweileg Affekoten e Fräisproch gefrot. Och den Affekot vun deem Programmateur vum Touristebureau LCTO, deen d’Skulptur bestallt hat, huet e Fräisproch fir säi Client gefrot.
Déi Informatiounen, déi hien am Virfeld vum Sculpteur kritt hätt, wieren net vollstänneg gewiescht. Hien hätt doraus kee Sécherheetsrisiko kënnen antizipéieren.