Invité vun der Redaktioun (28. Oktober)Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie waren d'Energiepräisser Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Fenn Faber
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ukrain-Krich, Iran-Konflikt a Canicule: Alles Elementer, déi de Wëlle bei de Leit fir eng Energietransitioun virundreiwen. Dat sot de Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence, e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Agence begleet Leit bei der Energietransitioun. D'Leit géifen zum Beispill net nëmme méi froen, wéi een d'Heizung méi effizient kann astellen, mee no richtege strukturelle Changementer an hiren Haiser. Also net nëmme Spuertipps, mee e reellt Ëmklammen.

Dacks fänkt et u mat Photovoltaik, duerno kënnt d'Wärmepompel an dann eng energeetesch Renovatioun. D'Leit wéilte méi resilient an onofhängeg gi vun Energiepräis-Schwankungen. Eng Photovoltaik-Anlag géif sech zum Beispill praktesch ëmmer rentéieren. Wichteg wier déi richteg Gréisst, esou de Fenn Faber vun der Klima-Agence.

E Mëttwoch de Moie waren d'Energiepräisser Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO