2019 um Chrëschtmaart vun Äisskulptur erschloenÉischte Prozessdag am Fall ronderëm den Doud vum klengen Emran

Michèle Sinner
Den Doud vum knapps dräi Joer ale Bouf läit scho bal siwe Joer zeréck. 10 Ugekloter musse sech elo viru Geriicht verantworten.
E Méindeg fänkt um Stater Geriicht de Prozess ëm den trageschen Doud vum klengem Emran 2019 um Stater Chrëschtmaart un.
© RTL-Archiv

E Méindeg fänkt um Stater Geriicht de Prozess ëm den trageschen Doud vum klengem Emran 2019 um Stater Chrëschtmaart un. Am Wanter 2019 war eng zwou Tonne schwéier Äisskulptur an de Koup an deelweis op de knapps dräi Joer ale Bouf gefall.

Et ass e Prozess, op deen d’Famill laang gewaart huet. De leschten November, op dem sechsten Doudesdag, wossten d’Elteren nach ëmmer net, ob a wéini et zu engem Prozess géing kommen. De Papp Ragbet Hamza hat RTL deemools gesot:

"Mir wëllen och, natierlech och déi Leit gesinn, déi do involvéiert waren. Wien huet wou e Feeler gemaach? Et ass elo net esou, dass mir mat dem Fanger op ee wëlle weisen, et ass einfach eeben, dass mir eis domadder wëllen auserneesetzen. Ech menge jidderee mécht seng Aarbecht esou, wéi en am beschte kann. Jidderee gëtt säi Bescht."

Datt esou laang gedauert huet, hat ee bei der Justiz domat erkläert, datt déi Implizéiert op allen Etappe Gebrauch vun hirem Recht op Recours gemaach hunn.

Deemools war nach net gewosst, wéi vill Leit sech misste viru Geriicht veräntwerten. Ma op der Feuille d’Audience stinn zéng Ugekloten. Dorënner de Luxembourg City Tourist Office an deem säi fréieren Direkter a Mataarbechter. Donieft sinn och verschidde Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg ugeklot. Dorënner de Verantwortleche vum Service Espaces publics, fêtes et marchés. Awer och d’Mataarbechter vun der Firma, déi d’Skulptur deemools gemaach hunn. Si si wéinst Homicide involontaire ugeklot.

Och de Prozess selwer gëtt eng laang Affär. Bis elo sinn zwielef Sëtzungsdeeg iwwert dräi Wochen ugesat.

Back to Top
CIM LOGO