
Net just de fréiere Police Generaldirekter Pierre Reuland, sou wéi de fréiere Colonel Aloyse Harpes, an déi fréier Beamte Guy Stebens an Armand Schockweiler waren, gezwongenermoossen, beim Appellprozess dobäi. Och déi Inculpéiert aus dem Bommeleeër Haaptprozess Jos Wilmes a Marc Scheer waren als Partie Civile nees mat hiren Affekoten am Sall. Si haten an éischter Instanz Schuedenersatz géint di Ugeklote gefrot, well duerch hier presuméiert Falschaussoen hire Prozess am Joer 2014 no 170 Sëtzungen ënnerbrach gi war, an dat bis haut.
Direkt um éischten Dag huet de Vertrieder vum Parquet général dann ënnerstrach, dass hie fir de Pierre Reuland d’Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz freet. Also dräi Joer Prisong mat integralem Sursis. Och fir déi dräi Ugekloten Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler huet hien, wéi schonn an éischter Instanz, eng Condamnatioun wéinst Falschaussoe gefrot, ouni e Strofmooss ze nennen. Zréckbehale gouf hei, dem Parquet général no, eng Falschausso vum Guy Stebens a jee zwou Falschaussoe vum Aloyse Harpes a vum Armand Schockweiler. An éischter Instanz waren déi dräi Beamten acquittéiert ginn.
Bis de Prozess awer um éischten Dag un d’Rulle komm ass huet et gedauert. Eng hallef Stonn, nodeems en ugefaangen hat, gouf en och schonn nees ënnerbrach. Dëst well d’Riichter, op Demande vun den Affekote vun der Partie civile, driwwer befonnt hunn, ob de Prozess sollt enregistréiert ginn. De Vertrieder vum Parquet general huet ënnerstrach, dass dat senger Meenung no näischt géing bréngen. Dëst ënner anerem, well just Beschëllegter géingen aussoen, déi d’Recht hätten, ze soen, wat se wéilten, an dat net ze soen, wat se net wéilten. "Ech hunn net ganz vill Hoffnungen, dass déi Sëtzungen eis vill Liicht an d'Donkelt bréngen", sou d’Aschätzung vum Vertrieder vum Parquet général. 15 Minutte méi spéit ass d’Sëtzung dunn nees opgeholl ginn. D’Cour hat decidéiert, der Demande fir en Enregistrement net nozekommen.
Eng weider Demande vun den ziville Parteie war dann och, dass de Grënner vun der Brigade Mobile Ben Geiben soll als Zeie geruff ginn. "Mir hätte gären, dass en hei als Zeie gehéiert gëtt, well mir hu wichteg Froen", huet de Maître Thierry Hirsch ënnerstrach. De Virsëtzende Riichter huet awer drop higewisen, dass hien dës Demande net kéint novollzéien. "Observatiounen, déi de Ben Geiben gemaach huet, sinn am Dossier, mee och déi bréngen eis net weider. Wat fänke mer mat Gedanken, Iddien a Schlussfollgerungen un. Als Temoignage ass dat net vill wäert", huet de Vertrieder vum Parquet général betount. Eng Aschätzung, déi och d’Affekote vun der Defense gedeelt hunn. Um Enn gouf och dës Demande no gutt 10 Minutte Berodung net zréckbehalen.
De Prozess geet e Freideg de Moie weider, an ass op am Ganze 5 Sëtzungen ugesat.