Viru 70 Joer huet Lëtzebuerg mat Frankräich an Däitschland d’Kanalisatioun vun der Musel decidéiert an domat ee wichtegt Kapitel fir Flossschëfffaart opgeschloen. Mee och laang virdru gouf et schonn eng kommerziell Aktivitéit op de Waasserstroosse vun eisem Land.
Wat huet et mam sougenannten “Treidelen” op sech a firwat haten d’Schëffer fréier Päerd mat u Bord? Mam Responsabele vum Service de la navigation fluviale an enger Damm, déi hiert ganzt Liewen um Schëff geschafft huet, äntwere mer op dës a vill aner Froen a kucken, wat d’Erausfuerderunge fir d’Flossschëffaaart an der Zukunft sinn.