Prozess iwwer Accident mat Äisskulptur op ChrëschtmaartParquet huet géint 3 Leit Prisongsstrofe mat integralem Sursis gefrot

Michèle Sinner
12 respektiv 9 Méint Prisong mat integralem Sursis géint zwee vun den 3 Sculpteure plus Geldstrofe gefrot wéinst Homicide involontaire.
© RTL

De Parquet huet och géint dee Mataarbechter vum LCTO, deen d’Skulptur beim Artist bestallt an negociéiert hat, 9 Méint Prisong mat integralem Sursis zeréckbehalen an eng Geldstrof.

Well hien am Numm vum LCTO gehandelt huet, huet de Parquet och gefrot, datt den Touristebureau mat condamnéiert gëtt an eng Geldstrof kritt.

Fir all déi aner Ugekloten huet hien e Fräisproch gefrot. Datt well de Mataarbechter vum LCTO kengem aneren, weder beim LCTO nach bei der Gemeng gesot hat, datt d’Skulptur e Fond de scène vun 2,5 Meter héich géif ginn. Konkret konnte si deemno keng Sécherheetsmesuren fir dës Skulptur plangen an huelen.

Um Donneschdeg war och den éischten Dag vum Prozess, wou vum Emran geschwat gouf. De Bouf, dee gestuerwen ass. Seng Elteren hu mat grousser Dignitéit vum Owend vum Accident erzielt. A wéi et hinnen dono ergaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO