
E Donneschdeg hu seng Elteren d’Wuert ergraff a mat grousser Dignitéit vum Dag vum Accident erzielt. An der Zäit dono.
"Je suis la maman de Emran, qui est décédé le 24 novembre 2019", sou huet sech d’Alisa Hamza beim Geriicht virgestallt. "Nous étions une famille comme toutes les autres familles avec deux enfants." Am Detail huet Alisa Hamza erzielt, wéi d’Famill, zesumme mat de Grousselteren, Monni, Tatta a Cousinen an d’Stad op de Chrëschtmaart gefuer ass. Well d’Stad eppes Extraes gebueden huet, an der Zäit viru Chrëschtdag. Wéi si den Auto geparkt a fir d'éischt op deem Deel waren, wou méi Kiermes war. Datt als éischt si den Emran bei sech hat, hire Mann, Ragbet, dee grousse Fils vun 9,5 Joer. "C’était une soirée magnifique", den Emran war faszinéiert vun de ville Luuchten, vun allem, wat ronderëm war. De Brudder wollt du Schlittschong fueren. D’Elteren hu sech d’Kanner anescht opgedeelt. D’Alisa ass mat op d'Äispist gaangen, mat hirem Eelsten. Den Emran hat um Wee dat gielt-rout Zeeche vu MacDonalds erbléckst. Hien huet "Fritte" geruff a säi Papp huet him de Pleséier erfëllt. Eng hallef Stonn dono si si bei d’Barrière vun der Schlittschongpist Moie soe komm. "Emran était fasciné comme jamais dans sa vie." Ma et ass spéit ginn an et wollt een heem goen. D’Alisa Hamza ass bei d’Sortie vun der Schlittschongpist gefuer. "J’ai entendu un bruit, comme si quelquechose était tombé. Et c’était ça." Hir Niess huet gejaut, "Et ass den Emran, et ass den Emran." D’Alisa ass séier duerch d’Barrière, huet d’Schlittschong ausgedoen an ass op déi aner Säit gelaf. "Il était par terre. A coté il y avait du sang. Je savais qu’il était mort." Hiren anere Bouf, de grousse Brudder huet dat gesinn. "Son frère, mort par terre. Je lui ai donné un dernier baiser." Et gëtt vill Fotoen, vill Videoe vun deem Dag, esou d’Alisa Hamza . Et sollt e speziellen Dag sinn, fir jiddereen. "Mais nous sommes rentrés sans Emran."
D’Alisa Hamza hofft, datt de Prozess och dozou bäidréit, datt si nees Vertrauen an d’Stad an an de Staat kann hunn. "C’est tout." sot si zum Riichter. "Merci et bonne chance."
Hire Mann Ragbet kann net esou vum Accident zielen, déi Erënnerunge sinn ze schwéier. "Ech war do, fir op de Klengen opzepassen. An dat hunn ech net hikritt." Hien huet viru Geriicht virun allem dovu geschwat, wat no Accident komm ass. Dovun, wéi hie säi Betrib net méi konnt féieren, dee Geräter fir Spillplazen u Gemenge geliwwert huet. "Ech hat eng Schockparalys, ech loung am Bett a konnt net méi eraus. Et ass alles implodéiert." No der Faillite hat hien als Independant kee Chômage ze gutt. Domat war och d’Sécurité sociale fort. An der Apdikt krut hien een Dag gesot, seng Krankekeess wier fort.
De Ragbet Hamza ass selwer Ingenieur a kënnt sech duerch säi Beruff mat der Gesetzgebung aus ronderëm Anlagen, déi fir de Public op sinn. Dowéinst ass hie rosen: "Déi Saache si ganz onprofessionell gelaf, fir eng Stater Gemeng. Et ass wierklech horrible. Firwat gëtt et Normen a Gesetzer, wa mer se net applizéieren. Dat sinn déi Saachen, déi mech nerven", sou de Ragbet Hamza. All travailleurs désignéën, all Deleguéen Santé et securité vun der Stad huet hie gefrot: "Wou waren déi dann all? Ech loossen dach net einfach eppes op mengem Terrain installéieren, ouni kucken ze goen an ze kontrolléieren."
Hir Affekotin huet fir am Ganzen eelef Familljemembere Partie civile erkläert an zesummen eppes ëm déi 750.000 Euro Schuedenersatz gefrot. Dee gréissten eenzelne Betrag dovu fir d’Faillite vum Ragbet Hamza senger Firma.
De Vertrieder vum Parquet huet dono säi Requisitoire gehalen. "D’ganzt Land weess, wat mam ‘Accident mat der Äisskulptur’ gemengt ass, huet nach d’Fotoen am Kapp", huet hien ugefaangen. "De Choc huet immens resonnéiert. Wéi konnt dat geschéien ?" Ma als éischt huet hien erkläert, firwat et esou laang gedauert huet, bis et zum Prozess komm ass, notamment, well kuerz dono d’Pandemie ugefaangen huet, a well et och intern beim Parquet personell Changementer ginn ass. Ma elo géing et drëms goen, fir zwou Froen ze beäntweren : Wéi konnt déi riseg Skulptur falen ? A firwat war keng Ofspärung do, wann et e Risiko dofir gouf?
D’Äntwert op déi éischt Fro ass fir de Parquet kloer beim Haaptskulptur ze sichen, dee vum Tourismusbureau LCTO engagéiert gouf. D’Palletten, op deenen d’Skulptur vum Chalet opgeriicht war, ware futti. Si waren och net d’nämmlecht héich. D’Skulptur, déi souwisou nëmme 25 Zentimeter déif war, mee zwee Meter breet a virun allem 2,5 Meter héich, stoung längs net ganz op, en Deel huet also fräi geschwieft. Et war ze waarm, d’Äis ass dofir séier geschmolt an dofir huet se och net méi op der Moquette gehalen, op déi se ugeäist war. Den Haaptskulpteur hat keng Setzwo dobäi, keng Callen, fir d’Pente um Knuedler auszegläichen. Fir hie freet de Parquet 12 Méint Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof. Och fir een zweete Sculpteur freet de Parquet sechs Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof. Hien hat bei der Installatioun gehollef, war bis zum Schluss do. Hien hat also och gesinn, datt d’Skulptur geschwankt huet an datt kee Sécherheetspersonal do war, wéi si gefuer sinn.
Fir deen drëtte Sculpteur, dee weder eppes mat der Installatioun vun der Skulptur op deenen defekte Palletten ze dinn hat, nach um Knuedler war, bis datt se fäerdeg war, huet de Parquet e Fräisproch gefrot. Well hien net un deenen Aarbechtsschrëtt bedeelegt war, déi zum Accident gefouert hunn.
Wat eventuell Sécherheetsmesuren op der Plaz ugeet, gesäit de Parquet virun allem dee Mataarbechter vum LCTO an der Verantwortung, dee Skulptur erausgesicht a bestallt huet. Och wann den Direkter an de President vum Tourismusbureau den Devis ënnerschriwwen hunn, sou stoung do net drop, wéi se géing ausgesinn. Datt e Fond de scène vun 2,5 Meter héich géing kommen, dat wousst ausser dem Sculpteur just dee Programmateur. Hien huet och sengen eegenen Aussoe viru Geriicht no kengem soss déi Informatioun ginn. Net senge Kolleege beim LCTO an net sengem Interlocuteure bei der Gemeng. Wéi ee vun deene gefrot hat, wat kéim, hat hie gesot, d’Skulpture géifen änlech wéi déi Jore virdrun - déi waren awer zu gréissten Deel vill méi niddreg. Sou haten an den Ae vum Parquet, déi aner Mataarbechter vum LCTO an der Gemeng net déi néideg Informatiounen, fir kënnen d’Risiken z’evaluéieren an eventuell Sécherheetsmesuren ze plangen.
Fir de Programmateur vum LCTO freet de Parquet dowéinst néng Méint Prisong mat integralem Sursis plus eng Geldstrof. "Hien hat d’Bringschuld, fir eng Demande no engem Sécherheetskonzept ze maachen", esou de Vertrieder vum Parquet. Well hien am Optrag vum LCTO gehandelt huet, freet de Parquet och fir d’ASBL eng Geldstrof. Fir all aner Ugekloten huet de Vertrieder vum Parquet e Fräisproch gefrot.
De Prozess geet e Méindeg viru mat de Plaidoyere vun der Defense.