Prozess ëm déidlechen Accident mat Äisskulptur um ChrëschtmaartAm Virfeld huet kee sech Froen iwwert d’Sécherheet gestallt

Michèle Sinner
Um drëtten Dag vum Prozess hunn déi verschidde Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg an dem Tourismusbureau LCTO ausgesot, déi nieft de Sculpteuren wéinst Homicide involontaire ugeklot sinn.
© RTL

Dobäi goung et drëms, wien - entweder d’Stad Lëtzebuerg oder den LCTO - zoustänneg war fir d’Sécherheet am Zesummenhang mat der Skulptur. An och dorëms, wéi de Choix vun der Skulptur selwer respektiv hiren endgültegen Emplacement ausgesicht gouf.

Dobäi ass kloer ginn: Weder beim LCTO, nach bei der Stad Lëtzebuerg huet iergendeen sech am Virfeld Froen am Zesummenhank mat der Sécherheet vun der Skulptur gestallt. Bei de Reuniounen tëscht den zwou Entitéiten am Virfeld vum Chrëschtmaart war wuel driwwer geschwat ginn, datt eng Äisskulptur kéim. Am Prinzip, mee datt se sollt 2,5 Meter héich ginn, an e "Fond de Scène", hat de Mataarbechter vum LCTO, dee se beim Sculpteur bestallt huet, kengem gesot, weder de Kolleege beim LCTO, nach deene vun der Stad Lëtzebuerg.

Bei deenen hat hien zwar Spotte gefrot, fir se ze beliichten, mee keng Sécherheetsmesuren. Dofir huet de Vertrieder vum Parquet spatz bemierkt, datt de "Splitting", d’Opdeelung vun den Tâchen tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO jo op de Punkten Technik a Logistik funktionéiert hat – Luuchten an den Emplacement hat den LCTO ugefrot a kritt. Dee "Splitting" " vun den Tâchen war no den Attentater 2015 an 2016 an den Nopeschlänner agefouert ginn. Deemno war den LCTO reng fir déi artistesch Programmatioun zoustänneg. An d’Stad Lëtzebuerg fir d’Logistik, d’Technik an d’Sécherheet bei gemeinsam geplangten Evenementer. No Sécherheetsvirkéierungen hat am Zesummenhang mat der Skulptur kee gefrot.

Ma de Programmateur vum LCTO huet sech verdeedegt, wann een hätt missen eppes soen zur Sécherheet, wier et de Sculpteur selwer gewiescht – hie selwer wier kee Statiker. Wat mat "Fond de scène" gemengt war, wéi de Sculpteur am Devis geschriwwen hat, huet hien net hannerfrot, obschonns en den Terme net genee verstanen hat. Et war och dëse Mataarbechter vum LCTO, dee freides, zwee Deeg virum Accident no Feierowend bei de Kolleege vun der Gemeng no engem Emplacement fir d’Skulptur gefrot huet. Déi hunn him der dräi gewisen, hien huet eent ausgewielt. Do, esou säin Interlocuteur vun der Maartekipp viru Geriicht, krut hie gesot, misst d’Skulptur esou placéiert ginn, datt säitlech genuch Plaz géing bleiwen, fir d’Maartstänn opzeriichten an den Accès fir d’Ambulanze bei d’Äispist ze garantéieren.

Sculpteur huet insistéiert, fir Skulptur hannebäi ze setzen, mee net erkläert, firwat

Ma de Programmateur selwer huet sonndes net geschafft. Sengem Kolleeg, deen de Sculpteur am Ëmfank geholl huet, huet hie gesot, et misst hannendrun e Meter Plaz bleiwen, also tëscht der Äispist an der Skulptur, net säitlech, wéi dee Mann um Mëttwoch ausgesot huet. Deen huet och confirméiert, datt de Sculpteur zwee dräi Mol insistéiert hätt, e Stéck Äis widdert d’Pist ze stellen. Mee de Sculpteur hätt net gesot firwat, net vu Gefor oder Sécherheet geschwat. Hie selwer wosst net, wat géing opgeriicht ginn an huet drop bestanen, datt e Meter Distanz zur Äispist misst gehale ginn. Dee Sputt, an deem de klengen Emran herno vun den Äisstécker getraff an déidlech blesséiert gouf.

Sengen Elteren, déi de Prozess all Dag um Geriicht suivéieren, hunn d’Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg, déi ugeklot sinn, hiert Bäileed ausgedréckt. De President vum LCTO Marc Angel och. D’Mataarbechter vum LCTO selwer awer net.

Back to Top
CIM LOGO