Zweete ProzessdagHaapt-Sculpteur seet aus, en hätt virun de Risike vum Emplacement vun der Skulptur gewarnt

Michèle Sinner
Propositiounen, déi hie gemaach huet, wiere refuséiert ginn.
© Famill

Um Stater Geriicht goung en Dënschdeg de Prozess ëm den Accident mat der Äisskulptur um Chrëschtmaart 2019 weider, dat mat den Auditioune vun de Sculpteuren.

Den Haapt-Skulpteur, dee vum Tourtistebureau LCTO engagéiert war, huet um Dënschdeg nach emol insistéiert, datt hie seng Uspriechpartner drop opmierksam gemaach hätt, datt et geféierlech wär, wann hannert der Skulptur de Passage méiglech wär.

Hien hätt en éischten Emplacement refuséiert, an hien hätt insistéiert, datt d'Skulptur hanne misst adosséiert sinn, widdert der Clotûre vun der Äispist. Ma dat wier refuséiert ginn. Seng zwee Mataarbechter kënne sech zwar drun erënneren, datt et eng Diskussioun ëm dem Emplacement gouf. Well si awer net implizéiert waren, kënne si sech net richteg un de Contenu vun der Diskussioun erënneren. En Donneschde soll e weideren Zeie gehéiert ginn, dee bei der Diskussioun dobäi war. 

Back to Top
CIM LOGO