
De jonken Athlet ass déi 1.609 Meter an 3 Minutten, 47 Sekonnen an 1 Honnertstel gelaf an huet de Weltrekord aus dem Joer 1997 domat ëm 1,44 Sekonne verbessert. Den 12. Februar 1997 war den Hicham El Guerrouj d’Meil an 3 Minutten, 48 Sekonnen a 45 Honnertstel gelaf. Eréischt knapp 6 Méint nom Erfolleg vun der marokkanescher Laflegend gouf de Kejelcha gebuer.
Ufank Februar hat de Yomif Kejelcha bei de Millrose Games zu New York de Weltrekord nach ëm 1 Honnertstel verpasst.
Dobäi kënnt nach, dass den Ethiopier (3:31,58) elo op den 1.500 Meter an der éiweger Ranglëscht déi nei Nummer 3 ass, dat hannert dem Samuel Tefera (3:31,04) an dem El Guerrouj (3:31,18).